Zanter 5 Joer steet deen den Escher gutt bekannte Ciné Ariston eidel a laang war net gewosst, wat aus dem Traditiouns Gebai géif ginn.

Nodeems de Kulturministère seng Zouso ginn huet, fir finanziell ze hëllefen, war d'Escher Gemeng averstane, an dëse Projet z'investéieren. En Vue vun "Esch 2022" wäert den Haaptfokus um Kanner- a Jugend- Theater leien.

Wärend 54 Joer gouf et de Ciné Ariston zu Esch. D'Kinosaventure huet 1962 an der Minettemetropole ugefaangen. Ufank Januar 2016 war Schluss. Bis dohinner hu Generatioune vu Leit Filmer um groussen Ecran zu Esch gekuckt. D'Glanzzäit vum Ariston war virun allem an de 90er Jore vum leschte Joerhonnert.

Kuckt een elo an d'Gebai eran, huet esou munches changéiert. Nach dominéieren d'Aarbechten. Et stëppst an zitt aus allen Ecken. Am Hierscht d'nächst Joer erlieft de Ciné Ariston säin zweet Fréijoer.

Zanter 3 Joer schafft den Escher Theater ganz vill am Kanner- a Jugendberäich. Fir déi Opféierunge brauch et virun allem e méi heemleche Kader. Deen entsteet grad am fréieren Escher Kino. D'Raimlechkeete kënne polyvalent genotzt ginn.

En Vue vun der Kulturhaaptstad "Esch 2022" hunn d'Gemengeresponsabel an dëse Projet investéiert, 32 Milliounen Euro goufe labber gemaach. Sue fir den Ariston, d'Konschthal - e fréiert Miwwelgeschäft - an d'Brillhaus, wat eng Maison d'Artistes gëtt.

14 Milliounen Euro kaschten d'Renovatiounsaarbechte vum fréieren Ariston. Dëse gëtt eng zweet Bün vum Escher Theater, mam Fokus op de Kanner- a Jugendtheater.

Nach lafen d'Ëmbauaarbechten op Volltouren. An 18 Méint wäert d'Gebai mat neiem Liewen erwächen.