Den 20. Abrëll 1921 koum de Lëtzebuerger Illustrateur, Grafiker an Auteur Pe'l Schlechter um Lampertsbierg op d'Welt, do wou hien och haut nach wunnt.

Mat 100 Joer fillt sech Pe'l Schlechter gutt - trotz Corona

Hien ass bekannt als Grafiker vun Affichen a Plakaten, vrun allem fir d'Foire an d'Lotterie Nationale awer och fir eng Rei vu Buchdeckelen, wéi d'Klassiker vun Dicks, Lentz oder Rodange. Hie gëllt och als ee vun den éischte Comic-Zeechner am Land. An der Revue sinn ënner anerem seng Billergeschichte ronderëm zwee Lausbouwe publizéiert ginn "De Bim an de Jopi".

No senger Pensioun huet de Pe'l Schlechter ugefaange mat schreiwen: Kuerzgeschichten a Kannerbicher, déi en och selwer illustréiert huet.

2013 gouf hie fir säi Buch "De Pol muss an de Krich" mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Doranner erzielt hien, wéi en de Krich erlieft huet, als Zwangsrekrutéierten, deen an Holland desertéiert war a verstoppt gouf.

De Pe'l Schlechter ass als jéngstent Kand vum Auteur Demy Schlechter op d'Welt komm, deen awer gestuerwen ass wéi de Pe'l zwee Joer hat. Hie kënnt aus enger Kënschtlerfamill. Zesumme mat sengem Brudder Ger Schlechter ass hie mat der Dicks-Rodange-Lentz-Plackett vun der Aktioun Lëtzebuergesch ausgezeechent ginn. Hien ass de Monni vum Auteur Lambert Schlechter.

Hie war begeeschterte Sportler a Museker.

20/04/2021 De Pe'l Schlechter kritt 100 Joer

De ganzen Interview mam Pe'l Schlechter