OFF-SITE Programm vun der Luxembourg Art Week"The Spaces Between Threads" beschäftegt sech mat Fiedem

Isabelle Gillen
Am Malt leeft nach bis e Sonnden d'Expo "The Spaces Between Threads", déi Deel vum OFF-SITE Programm vun der Luxembourg Art Week ass.
"The Spaces Between Threads" beschäftegt sech mat Fiedem
Am Malt leeft nach bis e Sonnden d'Expo "The Spaces Between Threads", déi Deel vum OFF-SITE Programm vun der Luxembourg Art Week ass.

Am Kader vun der Luxembourg Art Week leeft schonn zanter dem 13. November eng grouss Gruppenexpo am MALT am Gronn. "The Spaces Between Threads" verbënnt Skulptur, Installatioun, Molerei, Textil, Fotografie an Text an enger Ausstellung, déi sech mam Fuedem an all senge Facetten auserneesetzt.

Méi wéi 40 Kënschtler a Kënschtlerinnen aus Lëtzebuerg an dem Ausland si fir d'Expo zesummekomm. Zimmlech direkt bemierkt een, dass an deene meeschte Wierker, op iergend eng Aart a Weis Linnen ze gesi sinn. D'Curatreice Claire di Felice erzielt, wéi d'Wierker, déi aus Privatsammlunge kommen, zesummen hänken:

"Wierker, déi vill zeréckkomm sinn an de Sammlungen, war de Mouvement support surface. Dat waren déi Saachen, déi mech ugezunn hunn a vun do sinn ech fort gaangen. Also vum Fuedem, deen dann duerno an déi verschidde Formen evoluéiert, eng Linn gëtt."

D'Ausstellung ass vum Cercle des collectionneurs vum Mudam a Kollaboratioun mat der Privatfondatioun MeRL op d'Bee gestallt ginn. Et ass och schonn déi zweet Editioun, déi d'Claire di Felice am Kader vun der Luxembourg Art Week organiséiert:

"Ech hunn eng 10 Sammlunge besicht an do mäi Choix gemaach. Et war fir mech wichteg Dialogen ze kreéieren, déi e bëssen onerwaart sinn. Dat heescht, tëschent Kënschtler, wéi Sol LeWitt, zesumme mat enger zäitgenëssescher Fotografin Marta Djourina, dass een e bësse méi onerwaarten Dialoge kreéiert an och net nëmmen tëschent de Wierker, de Kënschtler, mee och tëschent de Sammlungen."

Als Deel vun der OFF-SITE Programmatioun vun der Luxembourg Art Week, bei där och nach ronderëm déi grouss Foire um Glacis allerhand Evenementer ugebuede ginn, gëtt och am Kader vun dëser Ausstellung eng Gespréichsronn organiséiert.

"E Samschden, den 21, November, hu mer um 11 Auer en Art Talk hei am Malt. Mir wäerten 3 Intervenanten hunn. D'Iddi ass et, verschidden Approche vu Sammlungen unzeschwätzen. Engersäits privat Kollektiounen, Entreprise-
Kollektiounen, mee et wäert och eng Persoun aus dem Mudam do sinn, fir déi institutionell Kollektiounen. Et geet eben drëm d'Fiedem tëschent de Kollektiounen unzeschwätzen."

D'Ausstellung "The Spaces Between Threads" ass nach bis den 22. November gratis am MALT am Gronn ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO