
Fir verstäerkt zesummenzeschaffen an d’Entwécklung vu Serien z’encouragéieren, déi iwwert den nationale Fernseessender gewise ginn, lancéieren de Lëtzebuerger Filmfong an RTL dräi gemeinsam Appeller, déi sech u Produzenten, Realisateuren, Zenaristen an all aner Filmschaffend zu Lëtzebuerg riichten.
Dëse Format soll mindestens 6 x 25 Minutte laang sinn.All Genre ass akzeptéiert.
Dëse Format soll tëscht 3 a 26 Minutte laang sinn. D’Projete kënnen aus dem Beräich vun der Fiktioun, der Animatioun oder dem Documentaire kommen.
Dëse Format soll tëscht 45 a 52 Minutte laang sinn an sech op de Beräich vun der Fiktioun beschränken. D’Thematik vun der Serie ass d’Verbriechen an all senge Facetten. D’Episode sollen allkéiers e Kriminalfall ofschléissen an ofwiesselend vu verschidde Realisateure geschriwwen a realiséiert ginn.
All d’Projete sollen d’Diversitéit vun der lëtzebuerger Gesellschaft integréieren. An den Dossiere solle folgend Punkten detailléiert sinn :
4 Exemplaire vun den Dossiere sollen un dës 2 Adresse geschéckt ginn:
Film Fund Luxembourg
Karin Schockweiler
Mentioun “Appel FFL-RTL”
5, rue Plaetis
L-2338 Luxembourg
RTL Télé Lëtzebuerg
Steve Schmit
Mentioun “Appel FFL-RTL”
43, boulevard Pierre Frieden
L-1543 Luxembourg
Deadline fir d’Aschécke vun den Dossieren: 1 Februar 2022
* Präzisioun vum 18. Oktober 2021