Op den Dag genau hat virun 20 Joer den éischten Deel vun der Roman-Serie vum J.K. Rowling Weltpremière am Odeon-Kino zu London gefeiert.

Bannendra war den traditiounsräiche Filmtheater gerëscht mat de Wope vun den Haiser Gryffindor, Hufflepuff, Ravenclaw a Slytherin. En Event, dat sech och vill Prominenter net wollten huele loossen. Ënnert anerem de Sting an d'Cher waren deen Dag um Leicester Square mat dobäi.

Bis dohin hat d'Schrëftstellerin Joanne K. Rowling 4 Romaner vun der weltwäiter Kult-Serie erausbruecht. D'Bicher goufe milliounefach verkaf an an eng Abberzuel Sproochen iwwersat. Duerch de Potter-Universum ass e reegelrechten Hype ëm den aussergewéinleche Jong mam ronne Brëll an der zackeger Narb op der Stier opkomm. Bei Grouss a Kleng.

Am éischten Deel vun der Geschicht gëtt d'Weesekand Harry Potter gewuer, dass hien aus enger magescher Famill kënnt. A sengem neien Doheem Hogwarts léiert hien net nëmmen d'Geheimnis vun der Magie kennen oder Quidditch spillen, mä hie kritt et och mat den donkele Säite vum Lord Voldemort ze dinn.

De Soundtrack vum Harry Potter ass vum John Wlliams, de Komponist vu Star Wars an Indiana Jones. An den Haaptrollen Daniel Radcliffe, Emma Watson a Rupert Grint.

D'Erfinderin vun der Potter-Saga krut deemools ëmgerechent 1,5 Milliounen Euro, wéi si d'Filmrechter fir hir éischt véier Bicher u Warner Bros verkaf huet. Dobäi nach eng Bedeelegung um Benefice a Matsproocherecht beim Film-Making. D'Produktiounskäschte louche bei 108 Milliounen Euro. De Welterfolleg sollt bal 850 Milliounen Euro eraspillen. Nom éischten Harry-Potter-Film koume 7 weider Follegen, eng Spin-Off-Serie an d'Theaterstéck um Londoner West End an um New Yorker Broadway.