De 16. Juli 1931 gouf den Henri Losch zu Dikrech gebuer. An der Nuecht op de 26. Dezember 2021, am Alter vun 90 Joer, ass de bekannten Auteur gestuerwen.

Traureg Nouvelle aus der Lëtzebuerger Kulturzeen. Den Henri Losch ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Bis zu Lescht war de Henri Losch, deen de 16. Juli 1931 zu Dikrech op d’Welt koum, e Mann, dee sech duerch säin Aktivsinn ervirgedoen hat. Hien hat fir Schoulmeeschter geléiert, ma dat war just eng vu senge ville Beschäftegungen. Sou war hie och Theateracteur, Diktiounsproff, fräien RTL-Mataarbechter an och Auteur vu Bicher fir Kanner- an Erwuessene.

RIP Henri Losch / Reportage Marie Gales

41 Joer huet hien als Schoulmeeschter geschafft, zu Ierpeldeng, Grooljen an Uewerpallen an och an der Stad am Logopedie-Zenter wéi och um Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques. 33 Joer huet hien am Escher Conservatoire Diktiounscoursen am Däitschen a Franséische ginn. Seng ganz grouss Passioun war den Theater, als Kand hat hie schonn d’Welt vun de Brieder fir sech entdeckt, wéi hien dem Christiane Kremer am Interview viru 5 Joer verzielt huet.

Hien ass ee vu de Matbegrënner vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg an dem Henri Losch seng schéinsten Theatererënnerung geet zréck an d’Joer 1978, wou hien den Don Quixote gespillt huet.

Ma och d’Welt vum Film hat et dem Henri Losch ugedoen, sou war hien och ënnert anerem an de Lëtzebuerger Produktiounen "De falschen Hond" an "Déi 2 vum Bierg" ze gesinn, fir déi Filmer hat hien och d’Dréibuch geschriwwen.

Säin Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch war immens grouss, hien huet Coursë ginn an huet zesumme mam Jhemp Hoscheit a Josy Braun un e puer Bicher matgeschafft, fir Lëtzebuergesch ze léieren. Iwwerhaapt huet hien immens vill Bicher fir Kanner a Erwuessener iwwersat a geschriwwen, ënnert anerem autobiographesch Krichserënnerungen vum besate Lëtzebuerg, wéi "E Bouf erzielt". E räicht Liewen hat hien, dat sot hien och am Interview viru 5 Joer.

Och d’RTL Famill trauert ëm den Henri Losch, sou war hien als fräie Mataarbechter vun RTL am Hei Elei Kuck Elei an De ronnen Dësch ze gesinn. Dem Henri Losch senger ganzer Famill eist opriichtegt Bäileed.

Ee vun de rezentsten Optrëtter virun der Kamera hat den Henri Losch am Film "De Superjhemp retörns", wou hien d'Roll vum "Hofmarschall" iwwerholl huet.

Den Fernand Mathes, fréiere Chef vu Radio Lëtzebuerg an Acteur, deen ënner anerem eng vun den Haaptrolle bei "Déi zwee vum Bierg" gespillt huet, erënnert sech gäre u seng Zesummenaarbecht mam Henri Losch. „Den Henri Losch war e richtegt Virbild fir mech. Hie war schonn aktiv am Theater am TOL, wou hien als Schauspiller déi eng oder déi aner Roll gespillt huet, déi mech begeeschtert huet an ech hunn eben dunn och d‘Chance gehat, am Theater mat him zesummenzeschaffen. Notamment eng Produktioun, wou mer op den Dräi Eechelen zesumme gemaach haten, wou hien den Don Quixote gespillt huet an hie war och vum Physique hir e Personnage, deen doranner richteg opgaangen ass. An duerno ass natierlech déi Zesummenaarbecht weidergaangen an och am Film "Déi zwee vum Bierg".

A wat ech vum Heng einfach geléiert hunn: hie war e ganz akribesche Mënsch, dee ganz präzis geschafft huet, seng Recherche präzis gemaach huet an awer och als Schauspiller extrem consciencieux a präzis op der Bün geschafft huet. Bei muncher engem ass dat net sou gutt gewiescht, mä den Heng huet dat awer op eng ganz glafwierdeg Aart a Weis duergestallt. An och an all sengen aneren Aktivitéiten, déi hie gemaach huet, och an sengen Iwwersetzunge vu Bicher, hien huet zum Beispill dem Charles Dickens seng Chrëschtdagsgeschicht op Lëtzebuergesch iwwersat, dat war einfach ëmmer gutt. Gutt duerchduecht a gutt recherchéiert. Den Heng war am Fong e Virbild, wat d‘Aarbecht op der Bün an och seng Aarbecht als Kënschtler am groussen Ganzen ugaangen ass."

Extrait Fernand Mathes iwwer Henri Losch

Dem Henri Losch senger Fra a sengen 2 Bouwen drécke mir vun RTL eist déifstent Matgefill aus.