Déi berüümte Franquin-Figur Gaston Lagaffe kënnt no 30 Joer Abstinenz nees zeréck an d'Librairien. Dat huet de Verlag Dupuis elo matgedeelt.

Déi mannsten hunn dëse Retour erwaart, ma et wier DE Moment gewiescht. Elo oder ni, sou den Directeur éditorial vun Dupuis, de Stéphane Beaujean. Personnagë wéi den Astérix, Lucky Luke a souguer de Corto Maltese, déi d'Editiounshaus Casterman 2021 nees lancéiert haten, hunn nom Doud vun hire Createuren e risege Succès erlieft.

De belschen Editeur vun der Lagaffe-BD, déi antëscht schonn 100 Joer feiert, huet déi nei Serie dem Kanadier Delaf uvertraut, dee mat richtegem Numm Marc Delafontaine heescht.

Den Album "Le Retour de Lagaffe" am klasseschen 48-Säite-Format kënnt den 19. Oktober dëst Joer op de Maart. 1,2 Milliounen Exemplairë vum idealisteschen, awer faulen Anti-Held solle gedréckt ginn. D'Iddi koum och op, nodeems 2017 déi extra Editioun "La Galerie des gaffes" als Hommage un de verstuerwene Franquin erauskoum. Deen Hommage vum Delaf wier esou gutt gelonge gewiescht, dass hien d'Zouso krut, fir d'Geschicht vum Gaston Lagaffe weider ze schreiwen, respektiv ze molen, sou nach de Stéphane Beaujean.