De 24 Joer jonken DJ huet scho fréi seng Léift fir elektronesch Musek an DJen entdeckt.

DJ Serie - Mathias Treinen

Mat ronn 15 Joer huet de Mathias ugefaange mat DJen z'experimentéieren. Seng Léift fir elektronesch Musek huet hien duerch seng Schwësteren entdeckt a séier den Entschloss getraff, dass hie selwer wéilt hannert d'Mëschpult. "Ech hu mir dat ëmmer bei Partië vun noem ugekuckt a mir gesot, dass ech dat ganz gären och selwer wéilt maachen", erënnert hie sech. "E Kolleeg vu mir, dee selwer Material fir Evenementer verlount huet, huet mir a mengem beschte Kolleeg eis éischt Mëschpult an éischt Optrëtter ginn. Doduerch huet sech dann dat entwéckelt wat haut ass".

RTL

© Valentin Dufour

Deemools huet hien nach als Deel vun engem Duo opgeluecht. An der Tëschenzäit ass hie meeschtens eleng ënnerwee, an dat mat Erfolleg. Iwwer déi lescht Joren huet hien eng Jet gréisser Gigs hei zu Lëtzebuerg gespillt, ewéi zum Beispill beim LOA Festival, bei deem hien elo schonn zwee Mol opgeluecht huet. "Ee vun de gréisste Gigs, déi ech déi Zäit hat, war déi zweet Kéier, wou ech um LOA opgeluecht hunn, an dat war ee Moment, wou ech mir gesot hunn: 'OK, dat heiten ass scho seriö, dat ass dee Kaliber, wou ech am Fong wëll hunn'."

An der Tëschenzäit huet de Mathias och e puer Optrëtter ausserhalb vu Lëtzebuerg gehat, ënner anerem zu Berlin, Den Haag a Léck. Nieft dem DJen u sech, huet hien och éischt Erfarungen am Produzéiere gemaach an huet 2019 "Polar", a Kollaboratioun mam Anne Funk, erausbruecht. An Zukunft wéilt de Mathias och erëm méi selwer produzéieren, eventuell och mat akusteschen Instrumenter a Stëmme schaffen. "Dat bréngt vill méi Séil an d'Lidder an akustesch Instrumenter loossen d'Lidder vill méi schéi kléngen an domat hunn ech nach net ganz vill experimentéiert", erkläert hien.

Donieft huet hien och eng Zort Kollektiv, zesumme mam Ricko James, lancéiert, mat deem si reegelméisseg Evenementer an After-Works organiséiere wëllen. Allgemeng gesäit de Wanter éischter roueg beim Mathias aus. Ee gréissere Gig huet hien awer schonn. De 16.Dezember mécht hien nämlech, zesumme mat e puer weideren DJen, de Closing fir Klangkarussell am Atelier. Méi Informatiounen dozou an Tickete kritt een hei.

Mathias Treinen op Spotify