No enger Virféierung vum Film huet de Realisateur Yann Arthus-Bertrand mat Studenten iwwer Méiglechkeete geschwat, nees méi zréck zur Natur ze fannen.

De franséische Fotograf a Realisateur Yann Arthus-Bertrand, ass mat senge spektakuläre Loftopname vun eiser Äerd weltbekannt ginn. A sengem Film "Legacy, notre héritage", deen 2021 erauskoum, kuckt hien op säi 50 järegen Engagement zeréck.

"Legacy, notre héritage" ass eng Od un d'Schéinheet vun der Natur, gläichzäiteg awer och eng Warnung un eis all. Et ass dem Yann Arthus-Bertrand säi bis ewell perséinlechste Film, deen engersäits d'Geschicht vun der Äerd an der Mënschheet erzielt an dem Zuschauer anerersäits déi massiv, duerch de Mënsch verursaacht Schied um bloe Planéit virun Aen hält.

No enger Virféierung vu "Legacy" am Auditoire vun der BDL hat de Realisateur mat Schüler a Studenten iwwer säi Film geschwat, ma och iwwer Léisungsvirschléi, wéi mir Mënschen ëmdenken an nees an Aklang mat der Natur komme kënnen, fir dass d'Äerd och fir zukünfteg Generatioune bewunnbar bleift.

Organiséiert gouf dëst Zesummentreffe vun der ONG Friendship, déi sech fir déi Äermst am Bangladesch asetzt. Eent vun deene Länner, déi weltwäit am stäerkste vum Klimawandel betraff sinn. D'Fondatrice Runa Khan an de Yann Arthus-Bertrand verbënnt eng laang Zesummenaarbecht an ee gemeinsaamt Uleies.