Klengt Format, grousse Power!

Grad emol 58 Gramm, 55 Säiten, klengt Format, an um Cover eng Parkbänk am Schnéi. Der Margret Steckel hir nei Novelle gëtt sech no baussen éischter diskret an onopfälleg. Bannendra stécht awer konzentréierte literaresche Power!

"Mutterrache" - schonn eleng den Titel kléngt paradox, "Mutter" a "Rache" wéi kann dat beienee passen?

Et ass Hellegowend an enger Wunneng zu Berlin. D'Ech-Erzielerin ass eleng doheem a waart op en Telefonsuruff, deen net kënnt. Schonn zënter Joren huet hir Duechter Emily sech net méi gemellt. Firwat déi Distanz? "Du tust mir nicht gut", war Emilys Antwort gewesen auf mein bohrendes Warum. Ihre einzige Antwort. 

A Réckblenden gi mir méi iwwer d'Liewe vu Mamm an Duechter gewuer. De Papp, dee seng literaresch Ambitioune begruewe muss a sech mat héichprozentegem Gedrénks doriwwer ewech tréischt. D'Mamm, déi mat hirem berufflechen Erfolleg d'Famill iwwer Waasser hält. An d'Bomi, déi dem klengen Emily méi no steet, wéi seng eege Mamm. Alles keng Erklärungen, keng Excusen, keng Virwërf, einfach just e Constat, sou ass et eben. Just Enttäuschung, dass eng Versönung mat der Duechter onméiglech ze si schéngt.

Op hirem Spadséierwee duerch dat wanterlecht Berlin kënnt der Mamm eng Iddi a si gëtt sech drun, fir hire Plang ëmzesetzen...

"Mutterrache" ass typesch fir d'Wierk vun der Margret Steckel. D'Batty-Weber-Laureatin huet eng eenzegaarteg Empathie fir hir Personnagen, déi hei besonnesch däitlech gëtt. An hirem interne Monolog weist d'Ech-Erzielerin hir Emotiounen, réi an onverfälscht. Hiert Elengsinn, dat si probéiert mat Hëllef vun enger (fiktiver) Zwillingsschwëster ze iwwerstoen, oder d'Erënnerungen un hiert kuerzt an onglécklecht Bestietnis. Gläichzäiteg ass si brutal éierlech, mat sech selwer a mat hirem Ëmfeld. A si wëll net méi waarden, si wëll selwer aktiv ginn.

"Mutterrache" ass de 27. September erauskomm, demselwechten Dag, op dem d'Margret Steckel de Batty-Weber-Präis entgéintgeholl huet. A wien hiert Wierk nach net kennt, dee ka sech spéitstens mat dësem klenge Bichelchen dovun iwwerzeegen, dass si dee wichtegste Lëtzebuerger Literaturpräis absolut verdéngt huet. 

"Mutterrache" 
Margret Steckel
capybarabooks
Erscheinungsdatum: 27.09.2023
56 Seiten, 14 x 10 cm
Klappenbroschur
ISBN 978-99959-43-54-7
9,00 €