D’Balletsstéck ass zanterhier zu engem richtege Klassiker ginn a gëtt, virun allem ëm d’Chrëschtzäit, weltwäit gären adaptéiert an opgefouert. Esou dann och dësen Dezember zu Lëtzebuerg. De “Luxembourg Ballet” bréngt nämlech ënnert der artistescher Leedung vum Vohla Kastsel eng nei Choreographie fir d’Stéck op d’Bün, gedanzt vun enger Partie professionelle Balletsdänzer a lokale Schüler aus der “IDEA Dance a.s.b.l.”.
De 16. a 17.Dezember kann een déi nei Adaptatioun zu Veianen um Schlass gesinn an den 20. an 21.Dezember gëtt se nach eng Kéier zu Nidderaanwen am Centre Polyvalent “A Schommesch” gewisen.