Wéi sech eist Liesverhalen am digitalen Zäitalter verännert

© Pixabay DariuszSankowski
Verréngert sech eis Opmierksamkeetsspann? Hu Bicher iwwerhaapt eng Zukunft? Vill Leit sinn iwwerzeegt: Den Internet ass dem Buch säin Doud.
Duerch de World Wide Web kréie mir permanent neien Input. A si mer mol éierlech: Schlot Dir hautdesdaags nach e Buch op, fir séier un eng Informatioun ze kommen? Also ech gräifen dann jo éischter zum Handy a googele séier. Duerch den Internet huet sech d'Aart a Weis geännert, wéi mir eis informéieren.
Schluss mat "deep reading"
Duerch déi sozial Netzwierker gewinne mir eis un ëmmer méi kuerze Contenu. E Beispill: Op TikTok kënne mir am Sekonnentakt duerch verschidde Videoe scrollen an hunn ëmmer eppes Neies virun Aen, dat eis Reizer stimuléiert. Verschidden Etudë weisen allerdéngs, wéi eng Probleemer dës Gewunnechte mat sech bréngen: Mir liesen ëmmer méi iwwerflächlech, maachen eis manner Gedanken iwwert d'Informatiounen, déi mer kréien, a mir erënneren eis ëmmer méi schlecht un dat, wat mir grad gesinn oder gelies hunn. Dat sougenannt "deep reading", also dat grëndlecht Liese verléiert sech méi a méi.
Dobäi bréngt eis dat luest a konzentréiert Liesen eigentlech relativ vill. Zum Beispill mécht et eis zu engem méi empathesche Mënsch, well mer gezwonge sinn, eis op d'Perspektive vun anere Mënschen anzeloossen. An et ginn nach méi Virdeeler: Liesen entspaant eis a Fuerscher ginn esouguer dovun aus, dass Mënschen, déi liesen, méi laang liewen, well d'Gehier doduerch ugereegt gëtt a fit bleift.
E-Book oder Buch
Eng aner Verännerung an der Welt vun de Bicher koum mat den E-Books. Hei kann een awer berouegt sinn: Ob mer e laangen Text um Kindle oder an engem Buch liesen, huet keen Impakt op eis Konzentratiounsfäegkeet. De Bildschierm vun engem E-Book kënnt engem gewéinleche Buch nämlech immens no.
Wien en Text digital liest, deen erënnert sech genau esou gutt un d'Geschicht, wéi eng Persoun, déi se analog gelies huet. Allerdéngs haten déi digital Lieser méi Schwieregkeeten dobäi, d'Evenementer aus dem Text nees an déi richteg Reiefolleg ze bréngen.
Fuerscher ginn dovun aus, datt d'Bliederen am Buch dofir verantwortlech ass. Virun allem Kanner kënnen och besser aschätzen, wou si an der Geschicht dru sinn, wa si e Buch an der Hand hunn an d'Gewiicht vun de Säite spieren, dat vu riets no lénks wandert.
Weider muss ee soen, datt awer och en E-Book seng Virdeeler huet. Et ass praktesch, hëlt net vill Plaz an ass handlech, fir enzwousch matzehuelen.
Verléiert déi jonk Generatioun d'Loscht um Liesen?
Fir e Kand fir d'Liesen ze begeeschteren, wier et ganz wichteg him scho fréi ëmmer nees virzeliesen. Esou ginn d'Eltere mam gudde Beispill vir, maachen d'Kand virwëtzeg an iwwregens ass et och gutt fir d'Entwécklung vum Kand, fuerdert d'Konzentratioun, vergréissert de Wuertschatz, ënnerstëtzt d'Kreativitéit an et ass eng gutt Virbereedung fir d'Schoul.
Zwar informéiere sech déi Jonk ëmmer manner duerch Printmedien a méi duerch elektronesch Medien, mee den allgemengen Interessi um Liesen hëlt doduerch awer net of. Och e Film kann e Buch net ersetzen. En Text erlaabt et dem Lieser, d'Geschicht duerch seng eegen Aen ze gesinn, wärend e Film manner Raum fir Kreativitéit léisst.
An zu gudder lescht hunn déi sozial Medien hautdesdaags esouguer e positiven Impakt op d'Verkafszuele vun de Bicher. Net fir näischt gëtt et BookTok, -gram, -Tube a Co.