"A chapter a day keeps the doctor away"

© Pixabay
E gutt Buch, e waarmt Gedrénks an eng gemittlech Plaz, op där een och mol manner schéin Nomëtteger am Hierscht verbrénge kann. Dat kléngt mol erhuelsam.
Liese bréngt eis an nei Welten, weist eis nei Perspektiven op an ass net zu lescht och eng gutt Source vun der Ënnerhalung. Liesen huet awer nach aner Virdeeler. Ënner anerem soll ee souguer seng Liewensdauer duerch d’reegelméissegt Liese verlängere kënnen.
Liesen ass déi beschte Medezin?
Dat ass bëssen iwwerspëtzt formuléiert, mee an enger Etüde vun der Universitéit Yale hu Fuerscher ënnersicht, wéi Liesen den Alterungsprozess beaflosst an hunn erausfonnt, dass Leit, déi vill liesen, méi laang liewen, wéi Leit, déi guer net liesen. D'Fuerscher ginn dovunner aus, dass beim Liesen d'Gehier ugereegt gëtt a fit bleift. Beim Liese ginn d'Verbindungen tëscht de verschiddenen Deeler am Gehier gestäerkt. Dobäi kënnt, dass Geschichte liesen och entspane géif. Leit, déi liesen, hätten allgemeng manner Stress an dat wierkt sech op d'Liewensqualitéit an d'Liewensdauer aus. Dat féiert eis dann och zu dem nächste Punkt.

© Pixabay
Liese fir d'Séil
Liesen ass gutt géint de Stress. An enger amerikanescher Etüd aus dem Joer 2009 hunn amerikanesch Fuerscher d'Effekter vu witzege Videoen, Yoga a Liese bei gestresste Studente getest. No 30 Minutte mat deenen Aktivitéiten ass de Stresslevel nach eng Kéier getest ginn an am beschten huet dobäi d'Liesen ofgeschnidden. Eng aner Etüd, déi vun der Research Agency duerchgefouert ginn ass (enger Organisatioun, déi sech dofir asetzt, dass vill Leit Accès zu Bicher kréien), geet dovunner aus, dass reegelméissegt Liese bei verschiddene Symptomer vun der Depressioun hëllefe kann. Si hunn och rausfonnt, dass Geschichte liesen zu méi Empathie féiert.
Empathie duerch Liesen
Wie liest, ass et gewinnt aner Perspektiven anzehuelen. Et iwwerrascht also net, dass Fuerscher vun der Kingston University zu London eng erhéichten Empathie bei Mënschen, déi liesen, festgestallt hunn. Virun allem méi héich Literatur géif d'Fäegkeeten trainéieren, Situatiounen an aner Mënsche besser deiten ze kënnen.

© Pixabay
A Bicher liest ee vu komplexe Mënschen, déi Entscheedungen treffen, déi een net ëmmer novollzéie kann, esou wéi am richtege Liewen. Bicher liesen ass also eng Aart Training fir déi richteg Welt, op d'mannst emol a Saachen Empathie.
E gudden Zäitpunkt also, en neit Buch unzefänken. Vläicht braucht der nach eng Inspiratioun? Da kuckt Iech d’Buchtipps vun eiser Redaktioun emol duerch. Den Artikel fannt Dir hei.