Klenge Spoiler: eng ganz grouss Influenz! Genau wéi an anere Beräicher, wéi Musek, Film, Kleeder a Makeup, ass och de Bicher-Eck op deene verschiddene Plattformen immens wichteg fir Auteuren a Editeure ginn.

E gutt Beispill dofir ass de Phenomen Colleen Hoover. Déi 44 Joer al Amerikanerin aus Texas huet als Sozialaarbechterin geschafft, wéi si 2012 hiert éischt Buch "Slammed" selwer erausbruecht huet. Kee Kontrakt, keen Editeur, näischt. Zanterhier hu sech iwwer 20 Bicher dozou gesellt, ënner anerem "Confess" an "It Ends With Us", déi allen zwee beim "Goodreads Choice Awards" gewonnen hunn.

Hir meescht Bicher kéint een entweder an d'Kategorie "Young Adult", Romanz oder psychologeschen Thriller setzen. Hir Karriär huet eréischt 2021 nei Héichten ugeholl, wéi hire Roman "It Ends With Us" op TikTok Wellen ze schloen, obschonns en deen Ament scho jorelaang dobausse war.

De Roman zielt d'Geschicht vum Lily Bloom a sengem Partner Ryle Kincaid, an hir komplizéiert, komplex an abusiv Bezéiung. Dëse Summer kann een och mat der Verfilmung vum Roman an eise Kinoe rechnen, mam Blake Lively als Lily Bloom, an dem Justin Baldoni als Ryle Kincaid.

D'Colleen Hoover ass awer bei Wäitem net déi eenzeg Schrëftstellerin, där d'sozial Medien et erméiglecht hunn, sech als Bestseller-Auteurin z'etabléieren. Virun allem am Ausland gesäit een ëmmer méi Stänn a Bichergeschäfter mat Recommandatioune vun "BookTok", alleguer beieneen, direkt an der Entrée vum Geschäft. D'Konzept schéngt op alle Fall ze funktionéieren.

Dem New York Times no, waren 2022 d'Verkafszuele fir Bicher an der éischter Hallschecht vum Joer ëm 50% eropgaangen. Eng Ziffer, fir déi si BookTok mat verantwortlech maachen. An de Guardian huet eng Ëmfro am August 2023 erausbruecht, déi mat 2000 Jonken tëschent 16 a 25 Joer gemaach gouf an erausfonnt huet, dass ganzer 59% behaapten, BookTok hätt hinne gehollef hir Passioun fir d'Liesen z'entdecken.

Fazit (an deen heite héiert ee wierklech seelen, mä) d'Bicher-Rubrik op de soziale Medie schéngt op alle Fall mol eng positiv Influenz op d'Leit ze hunn, an jo, och op d'Jugend, wann een de Statistiken a Verkafszuelen dierf gleewen.