Earth Is Not Flat But Soon Will Be: eng Expo iwwert de Klimawandel

© Nichole Sobecki
Gletscher, déi schmëlzen, Bëscher déi ofgeholzt ginn... Et si Biller, déi aus eisem Alldag net méi ewechzedenke sinn. Mee d'Konsequenze fir déi betraffe Gesellschafte ginn eis dacks verluer oder mir si falsch informéiert.
Genee dat ass d'Thema vun der Ausstellung "Earth Is Not Flat But Soon Will Be" an der Abtei Neimënster. Mat der Referenz un eng flaach Welt mécht d'Curatrice Yasemin Elçi op déi Gesellschaften opmierksam, déi nach un dësem Glawe festhalen. D'Expo weist awer och, wéi dem Mënsch seng "modern" Virgoensweis d’Suite vum Klimawandel promovéieren.
Fënnef Fotografen - Fënnef ënnerschiddlech Lieuen
Op seng eege Manéier weist all Fotograf eng aner betraffe Plaz a Gesellschaft, wéi den Ënnertitel "Climate Stories Near&Far" suggeréiert.
D'Serie "Where our Land Was" vun der Fotografin Nichole Sobecki deit op d'Liewen a Somalia hin. Si dokumentéiert de Kampf géint déi héich Temperaturen, klammend Aarmut, déi arméiert Konflikter an déi forcéiert Immigratioun.

© Nichole Sobecki
D'Serie vum Kerem Uzel weist dogéint den Impakt op d'Déieren. Mat "Lifetime Captivity" ënnersträicht si den Zoo, wou eng Form vum "moderne" Kolonialismus duerstellt. Hien hannerfreet net nëmmen den historeschen, ökologeschen a moraleschen Hannergrond vum Zoo, ma och wéi de Mënsch ka Freed hu beim Leed vun engem aneren.

© Kerem Uzel
Net nëmmen hanner Gitter sinn Déieren a Gefor, mee och an hirem eegenen Ëmfeld. Mat der Serie "Le Chant du Cygne" stellt de Fotograf Andrea Mantovani d'Ofholzen an de primitive Bëscher a Białowieża un der polnescher a belarussescher Grenz an de Vierdergrond. Dëst zerstéiert nieft där vun der UNESCO geschützter Biosphär och nach de Liewensraum vun der Diversitéit vun eenheemeschen Aarten.

© Andrea Mantovani
Weider erop a Sibirien weist d' Natalya Suprunova mat hirer Serie "Evenki People, Custodians of The Resources of Yakutia" d'Ofbaue vu Gold an déi doduerch menacéiert Elchen. D'Fotografin hält fest wéi d'Evenkien, en eenheemescht Vollek, versicht, hiren Ekosystem ze schützen.

© Natalya Suprunova
Vum kale Sibirien eriwwer an de Süden. Mat "Moving Sand" thematiséiert de Mathias Depardon dat onreguléiert Ofbaue vu Sand an Indien, op de Maldiven an am Cap-Vert. De Sand gëtt als natierlech Ressource oft vergiess, mee ass dofir awer net manner wichteg. Weltwäit gi Stränn ofgebaut fir d'Elektroindustrie, d'Kosmetik oder den Immobilien.

© Mathias Depardon
D'Fotosausstellung wëll doduerch de Mënsch un d'Vergaangenheet erënneren an de Wee fir eng méi Natur-gebonnen Zukunft aleeden.
Fir d'Ausstellung an d'Abtei Neimënster kucken ze goen huet een nach bis den 30. September Zäit.