Onangeneem a seelen thematiséiert, ma ganz real Tatsaache beliichten, dat mécht d'Ausstellung, déi den Ament am Neimënster ze gesinn ass.

Eng Fotoausstellung, déi d'Projete vu 5 international renomméierte Fotografe weist, déi déi déifgräifend Konsequenze vum Klimawandel op d'Natur an de Mënsch weltwäit erfuerschen.