"Wanderlust" war de Motto vun den 29. Walfer Bicherdeeg

© Bea Kneip / RTL
Dëse Weekend war déi 29. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg, der gréisster Bicherfoire am Land.
Dëse Weekend kann een also nees traditionell déi neiste literaresch Wierker, Liesungen an och e Bichereck fir Kanner entdecken.
Nieft dem Haaptsujet d'Literatur kann ee sech awer och déi eng oder aner Expo ukucken. Wéi déi vum Moler Hannes Köcher, deen zu Wien an zu Lëtzebuerg schafft, a seng Wierker ausgestallt huet. A senger Ausstellung "Am Berg" gëtt een a fiktiv Landschaften entfouert, d'Motiver sinn dobäi op dat Wesentlecht reduzéiert, soudass eng ganz eegen Dynamik entsteet. A ganz am Sënn vum Joresthema goufen dëst Joer d'Wanderschong ugedoen. D'Resultat ass eng Ausstellung mat beandrockende Landschaften.
De Radio-Reportage iwwer d'Walfer Bicherdeeg
Andréck vum Weekend:
Texter hautno erliewen
Dat kann een op der Baussebün um Terrain vun de Walfer Bicherdeeg. Erlieft Liesungen, bei deene Musek, Performance-Kënschtler a Literatur zu enger Eenheet verschmëlzen. A fir d'Freed um Liesen och bei de Kanner wakereg ze këddelen, si Liesungen an zwee Säll fir all Altersgruppen organiséiert, nieft eng faarweger Offer u Bicher am Beräich Books for Kids. E gemittlechen Treffpunkt ass de Café littéraire an der Hal 2.
Wéi gewinnt ass e Sonndeg eis traditionell RTL-Dictée, déi och nees am Livestream iwwerdroe gëtt.