Lëtzebuerger Museker fir Concert am Mäerz gesicht

De Joris mat senger Band um Usina24 / © Steve Muller
Dem däitsche Sänger Joris seng Fans hu sech méi lokal Supportbands gewënscht an iwwer dës kënne si elo um "Local Friends Day" ofstëmmen.
Virum Concert vum eigentlechen Act gëtt et ëmmer nach eng Virband. D'Fans vum däitsche Popsänger hu sech dobäi awer méi Ënnerstëtzung fir lokal Kënschtler gewënscht. De Joris reagéiert a rifft de "Local Friends Day" an d'Liewen: Fir all Concert vu senger "zu viel retro"-Tour 2025 kënne sech Bands a Kënschtler elo als lokale Support umellen.
Ëmmer méindes um "Local Friends Day" gëtt dann eng Selektioun vun den Acts aus enger bestëmmter Stad, respektiv Géigend vun engem Jury presentéiert. D'Fans kënnen dann ofstëmmen, wie si gären an hirer Stad als Virband géinge gesinn.
Ugefaange huet d'Aktioun e Méindeg an dauert nach bis e Freideg um 23.59 Auer, do kënne sech Lëtzebuerger Museker per Mail mellen a probéieren d'Häerzer vum Jury ze gewanne fir am Mäerz zu Diddeleng am Virprogramm vum Joris dobäi ze sinn.
Net deen éischte Concert zu Diddeleng
Den däitsche Sänger war schonn e puer Mol zu Lëtzebuerg, dat ënnert anerem op der Fête de la Musique an um Usina24. De Joris kennt Diddeleng also scho ganz gutt a wéi hien eis an engem Interview verroden huet, ass et fir hien eng Stad, déi trotz hirer Gréisst dat bescht aus de ville verschiddene Kulture mécht. D'nächst Joer trëtt hien dofir bei senger "zu viel retro"-Tour am Diddelenger Kulturzenter "opderschmelz" op. Wie beim Concert am Mäerz da virun him wäert spillen, gëtt een d'nächst Woch um Joris senge soziale Medie gewuer.