Museker ze ginn, war "déi bescht Decisioun a mengem Liewen"
Éier den däitsche Sänger e Samschdeg um Usina24 optrëtt, war hie bei eis um Radio op Besuch, an huet eis e puer Neiegkeete verroden.
Den däitsche Popsänger Joris ass net fir d'éischt zu Lëtzebuerg. De Museker ass schonn e puer Mol zu Diddeleng op der Fête de la musique opgetrueden - eng Stad, déi fir hien, trotz hirer Gréisst dat bescht aus de ville verschiddene Kulture mécht. Dës Kéier geet et awer op eng aner Bün, nämlech déi vum Usina24 um Site Neischmelz.
De Joris spillt zu Diddeleng awer net just Lidder aus sengen dräi bekannten Alben, mä, wéi hien eis verroden huet, ass et och den 1. Concert mat sengem fuschneien Album. Elo kuerz virum Summer an der Festivalsaison wier säi véierte Studio-Album och bal fäerdeg.
Dem Marie Gales huet de Joris erzielt, wéi hie scho fréi zu der Musek komm ass, obwuel hien eigentlech gemengt hat, hie géing Dokter oder Jurist ginn, a firwat d'Decisioun, Museker ze ginn, déi bescht a sengem Liewe war. Donieft verréit hien, wat him esou u Lëtzebuerg gefält, wéi hie sech géint Rietsextremismus asetzt a wéi hien zesumme mat sengem Keyboarder op d'Iddi fir d'Lidd "Signal" koum.
Mam Joris am Studio war och den John Rech, Direkter vum Kulturzenter Opderschmelz zu Diddeleng. Hien huet eis nach esou munchen Detail iwwer den Usina24 verroden, an trotz schlechtem Wieder Loscht op Festival gemaach.
De ganze Line-up vum Usina24 kënnt Dir an eisem Artikel noliesen.