Fir déi 15. Kéier war de grousse Lëtzebuerger Filmfestival, dat mat ronn 21.000 Visiteuren. Niewent dem Gewënner vum Grand Prix, konnt och "The Village Next To Paradise" e Präis an enge Mention spéciale ofraumen.

Vum 6. Mäerz bis gëschter gouf fir déi 15. Kéier de Luxembourg City Film Festival organiséiert. Dëst Joer goufe ronn 21.000 Visiteure gezielt. Gëschter Owend war déi grouss Ofschlosszeremonie mat der Iwwerreechung vun de Präisser am Kinepolis um Kierchbierg.

Am Ganze goufen néng Präisser an dräi Mentions spéciales verdeelt. Grousse Gewënner war "The New Year That Never Came" vum Regisseur Bogdan Mureşanu, deen nieft dem Grand Prix och nach de Präis vun der Associatioun vun den weltwäite Filmkritiker ofraume konnt.

Hei alleguerten d'Gewënner an de verschiddene Kategorien op ee Bléck:

Grand Prix (By Orange): The New Year That Never Came vum Bogdan Mureşanu 
Mention spéciale: The Village Next To Paradise vum Mo Harawe

Prix du Documentaire (By BGL BNP PARIBAS): The Landscape And The Fury vum Nicole Vögele

2030 Award (Luxembourg Aid&Development): The Village Next To Paradise vum Mo Harawe

Prix du Public (By Orange): Went Up The Hill vum Samuel Van Grinsven

Prix International de la Critique: The New Year That Never Came vum Bogdan Mureşanu

Prix de la meilleure expérience immersive: Champ De Bataille/Battlefield vum François Vautier
Mention spéciale: Ito Meikyu vum Boris Labbé

Prix du Jury Jeune: (By Kinepolis): Home Game vum Lidija Zelovic

Prix du Jury Scolaire: Sieger Sein vum Soleen Yusef
Mention spéciale: Young Hearts vum Anthony Schatteman

Prix du Jury Enfants: Grüsse vom Mars vum Sarah Winkenstette