Den 21. Mäerz war de Welt-Down-Syndrom-Dag a fir déi Occasioun huet sech d'Trisomie 21 a.s.b.l. eppes Besonnesches afale gelooss fir dëst Joer: en Danzspektakel ënnert dem Numm "Wir stellen uns vor".

D’Musek fir de Spektakel gouf vum Lëtzebuerger Museker Damiano Picci arrangéiert. D’Dänzer hu sech erausgesicht, op wat si wéilten danzen. Och konnt all Dänzer decidéieren, wéi säi Kostüm sollt ausgesi fir de Spektakel. D’kreativ Leedung vum Projet hunn d’Sandra Beck, d’Tessy Bemtgen, an d’Aifric Ni Chaoimh iwwerholl. Si si Sozialaarbechterinnen an Danzpedagoginnen. Mat hinne sinn och Benevollen um Projet bedeelegt, déi mam Encadrement hëllefen, an déi och selwer mat danzen.

Inclusioun ass e wichtege Volet vum Projet, huet d’Sandra Beck erkläert. Et misst een d’Leit net nëmmen integréieren, ma et esou organiséieren, dass si aktiv kënnen deelhuelen, esou wéi et fir si méiglech ass. Et gëtt och en Ënnerscheed gemaach tëscht Gläichberechtegung a Gläichbehandlung, well wann ee jidderee géif d’selwecht behandelen, kéint et sinn, dass een diskriminéiert, seet d’Sandra Beck. Et misst ee mat de Ressourcë vun de Leit schaffen a kucken, wat jidderee ka bäidroen. Zum Beispill kënnt jiddereen aus verschiddenen Ecker aus Lëtzebuerg a verschidden Dänzer hunn e méi laange Wee a kéimen heiansdo scho midd un. Dat misst een da respektéieren an op jidderengem seng individuell Besoinen agoen.

Mat ronn 25 Dänzer war déi éischt Opféierung an der Kulturfabrik zu Esch, dat um Welt-Dag selwer. D'Kufa hätt vill bei de Virbereedunge gehollef, a wier der ASBL a villen Hisiichten entgéint komm, fir de Spektakel esou einfach ewéi méiglech iwwer d'Bün ze bréngen. Den zweeten Optrëtt war den 23. Mäerz am Mierscher Theater. Eng lescht Opféierung gëtt et den 21. Juni zu Bartreng.

"Bei de Mënschen ass et haaptsächlech d’Ausschléissen"

De Spektakel ass faarweg, d’Realitéit net onbedéngt esou. Nach ëmmer géife Leit mat Trisomie diskriminéiert ginn, erzielt d’Pia Peller, d’Mamm vum Ben, deen Trisomie huet. Hien ass och beim Danzspektakel dobäi. Et géif een et mierken, wann d’Leit kucken, sech distanzéieren. Dat wier net ëmmer béis gemengt, mee d’Leit wéissten net ëmmer, wéi ee mat Leit mat Trisomie soll ëmgoen. Ma d’Pia proposéiert eng konkret Léisung: Et sollt ee si einfach als Mënsch gesinn a si op Basis vun hiren Interessie kenneléieren. "Well dass en eng Trisomie huet, dat ass fir dech a priori jo guer net esou wichteg", esou d’Pia.

D'Pia erzielt, dass hirem Jong seng Trisomie awer och vill schéin Erfarunge mat sech bréngt. "Wou hondsfriem Leit de Ben uschwätzen a mat him eppes ënnerhuelen. Ech hu ganz vill Leit duerch de Ben kennegeléiert, well hie ganz oppen ass. Mat him eppes ze ënnerhuelen, mécht immens vill Spaass."

"Ech sinn dem Bopa seng Prinzessin"

D’Famill Wotipka ass selwer beim Danzspektakel dobäi. Hiert eelst Meedchen, d’Kyra, ass iwwer 30 Joer al an huet Trisomie 21. D’Diagnos Trisomie wier ufanks schwéier gewiescht an de Marco hätt net wierklech gewosst, wéi hien et sengen Eltere sollt soen. Ma doraus ass eng schéin Erënnerung entstanen: "Mäi Papp huet deen Dag gesot: 'Marco, egal wat dat Kand huet, et ass eis Prinzessin'. An dat huet hie gesot bis zu sengem Doud. An haut seet d’Kyra nach, 'Ech sinn dem Bopa seng Prinzessin'. An dat war e Moment, deen huet immens erliichtert."

Si wéilten anere Leit hëllefen, déi an enger änlecher Situatioun sinn a weisen, dass, trotz Beanträchtegungen a gesondheetleche Probleemer, schéi Momenter engem erhale bleiwen. D'Famill Wotipka huet nämlech vill Hobbyen, an dat géif si zu enger Famill maachen, ewéi all aner Famill och.

"Mir gi vill mat eise Muppe spadséieren. Mir gi vill Saache kucken. Mir reese gären, souwäit wéi dat mat de Meedercher méiglech ass. Fluchzäit maximum 6 Stonnen. Am Wanter ware mir mat de Meedercher um Cap Vert. Dat sinn déi Saachen, déi mir wierklech gäre maachen", esou de Marco Wotipka, Papp vum Kyra, Ken, a Xena.

D’Trisomie 21 a.s.b.l. 

D’Trisomie 21 a.s.b.l. gëtt et zanter 2000. Se bitt verschidde Servicer u fir Leit mat Trisomie 21 an och hir Famillen, z’ënnerstëtzen an z’encadréieren. Esou schafft eng Ekipp vu feste Mataarbechter(innen), Educateuren/Educatricen, Benevollen, an engem Besuchshond zesummen, fir genee dat ze erméiglechen.