"Rápido" heescht eng Gruppen-Ausstellung, déi aktuell an engem fréiere Kleederbuttek an der Avenue de la Gare ze gesinn ass.

Gruppenexpo "Rápido" / Reportage Claudia Kollwelter

Eng pluridisziplinär Expo, déi net just d'Wierker vu jonken, etabléierte Kënschtler weist, mee och vun zwou jonken Artistinne kuratéiert gouf.

D'Mia Kinsch an d'Oriane Bruyat maachen net just selwer Konscht, mee hunn elo och fir d'éischte Kéier eng Gruppenausstellung vun A bis Z op d'Bee gestallt. Déi zwou Artistinnen, déi sech zanter engem gudde Joer kennen an antëscht gutt befrënnt sinn, hate scho mol driwwer rieds e Projet zesummen ze maachen. Wéi den Zoufall et du wollt, krut d'Mia Kinsch proposéiert, den ieweschte Stack vum fréieren C&A-Gebai an der aler Avenue op der Gare fir eng Ausstellung ze notzen a béid Artistinnen hu Potential am Lieu gesinn.

E Gebai, wat fir "Fast fashion" bekannt ass, wat awer och laang Zäit eidel stoung, ier d'Stad Lëtzebuerg et als Pop-Up verlount huet. D'Problematik vun den eidelstoende Gebaier ass och ee vun de Schwéierpunkte vun der Ausstellung. Donieft sinn déi multipel Krisen an eiser Gesellschaft Thema: vun den horrende Loyerspräisser iwwert d'Inflatioun, bis hin zu Stied, déi ëmmer méi zu sougenannten "Ghost towns" ginn.

RTL

© Marie-Jo Gutenkauf

Visuell Interpretatioune vun der Instabilitéit an der Onsécherheet an eiser Gesellschaft

Ënnerschiddlech Wierker vun eelef Kënschtler sinn ausgestallt. Eng pluridisziplinär Expo, bei där Videoprojektiounen, Skulpturen, Molerei a Fotografie ze gesi sinn. De Curatrice war et wichteg net just Kënschtler aus Lëtzebuerg ze invitéieren. Dofir si béid Artistinnen an déi Stied op d'Sich gaangen, an där si vill Zäit verbruecht hunn. D'Mia Kinsch zu Bréissel, an d'Orianne Bruyat zu Paräis. An der Ausstellung sinn deemno Wierker ze gesi vum Valentin Bajolle, Julien Hübsch, Jakman, Alpha-Medy Kaba, Carole Mousset, Zoriana Tymtsiv, Alberto Vitelio, 919 Waldo, Ugo Woatzi a vum Mia Kinsch an Oriane Bruyat.

RTL

© Marie-Jo Gutenkauf

Eng éischt Erfarung als Curatrice, mee net déi lescht?

An nëmmen zwee Méint hunn d'Mia Kinsch an d'Oriane Bruyat d'Ausstellung vun A bis Z op d'Bee gestallt. En plus an engem Lieu, deen net fir Ausstellunge geduecht ass. Eng intensiv Zäit fir béid Kënschtlerinnen, eng nei Erfarung fir si allen zwee, déi hinne vill Spaass gemaach huet an se motivéiert, och an d'Zukunft Ausstellungen ze kuratéieren.

D'Resultat dovunner kann een nach bis den 30. Abrëll gesinn. Well et hinnen awer wichteg war, datt d'Leit net einfach blann duerch d'Expo ginn, muss ee sech via Email (rapidoluxembourg@gmail.com) fir eng Visite guidée vu "Rápido" umellen.