Ass de Kulturminister Eric Thill ee "kalbliddege Ligener"?

Huet de Kulturminister Eric Thill an der Chamberkommissioun gelunn, wéi et ëm de Récktrëtt vum fréiere President vum Mudam a Mëssstänn am Musée gaangen ass?
Dee Virworf huet op d'mannst déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard en Dënschdeg de Mëtteg wärend enger parlamentarescher Froestonn gestallt. Den Eric Thill hätt an der Kommissiounssëtzung gesot, hie kéint de Bréif, an deem de Patrick Majerus d'Grënn fir säi Récktrëtt genannt huet, net un d'Deputéiert weiderginn, well de fréiere Mudam-President explizitt gefrot hätt, datt de Bréif net public gemaach dierft ginn. Dat géing awer net stëmmen:
"Elo ass et awer esou, datt mir schrëftlech virläit, datt den Här Majerus Ären dräi Haaptmataarbechter, déi och an der Chamberkommissioun dobäi waren, Folgendes den 30. Januar geschriwwen huet: Par ailleurs, je vous autorise à partager ma lettre de démission, ce qui contribuera à renforcer la transparence, ancré dans le cadre légal luxembourgeois."
Den Eric Thill huet sengersäits gemengt, hie géing zu deem stoen, wat hien an der Chamberkommissioun gesot hätt, mee:
"Wann dann awer Maile solle ronderëm goen, an ech huelen dat doten eescht, ech soen Iech dat, ech hu kee Problem, dat als Kulturminister ze soen, déi dann anscheinend nach eng Kéier u Mataarbechter vum Ministère geschéckt ginn, da kontrolléieren ech dat. A wann dat de Fall soll sinn, dann hunn ech kee Problem, wann dat dem Här Majerus säi Wëlle wier, fir Iech dat da mat op de Wee ze ginn, domadder hunn ech kee Problem, dat soen ech Iech. Fakt ass awer och, an dozou stinn ech, datt mer an deenen aneren Dokumenter, fir dorobber anzegoen, perséinlech Donnéeën hunn."
Mat där Äntwert war d'Djuna Bernard awer net zefridden:
"Hei hu mer et mat enger Affär ze doen, déi esou lues eng grouss politesch Dimensioun kritt a wou een entweder dovu muss ausgoen, datt de Kulturminister ee kalbliddege Ligener ass oder e säi Ministère absolut net ënner Kontroll huet an trotzdeem grave Dysfonctionnementer virleien."
D'Chamber dierft sech vun der Regierung net op der Nues ronderëm danze loossen, mee misst vun der Transparenz afuerderen. Déi Gréng Deputéiert huet dann och eng entspriechend Resolutioun deposéiert.