De Programm vun der neier Saison vun der Philharmonie gouf e Méindeg virgestallt.

400 Evenementer si vum September u fir d'Saison 25/26 virgesinn. Eng breet Palette u verschiddene musikalesche Richtunge gëtt wéi gewinnt ugebueden: vu Klassik iwwer Jazz bis hin zu moderner Musek. De Start vun der Saison de 6. September mécht den Optrëtt vun de Berliner Philharmoniker. International renomméiert Kënschtler wéi de Pianist Kit Armstrong oder den Jazz-Pianist Michael Wollny ginn och zu Lëtzebuerg erwaart. Mat vill Spannung waart ee virun allem och den éischten eegene Concert ënner der Leedung vum néie Chefdirigent Martin Rajna. Dat awer réischt am Oktober 2026.

Den Direkter Stephan Gehmacher versprécht bis dohin awer staark musikalesch Momenter. Wichteg wier, datt egal, wat organiséiert gëtt, ob Concert, Workshop oder en anert Evenement de Public och kënnt, seet den Direkter, deem et schwéier fält, verschidden Evenementer ervirzehiewen."Awer ech denken, datt op alle Fall de Saisonsoptakt direkt Ufank September mat der Berliner Philharmoniker ganz interessant wäert ginn".

Extrait Stephan Gehmacher