Carine Krecké – "Perdre le nord"
Zu Arles, a Südfrankräich, dréint sech och dëse Summer nees alles ëm d‘Fotografie – dat am Kader vun der mëttlerweil scho 56. Editioun vun deene renomméierte "Rencontres de la photographie d‘Arles".
Ganzer 46 Ausstellunge ginn et dëst Joer op 27 verschiddene Plazen uechter d‘Stad ze entdecken.
En Dënschdeg de 6. Mee hat d’Associatioun Lët‘z Arles der Press moies am Casino – Forum fir zäitgenëssesch Konscht, dee Lëtzebuerger Projet presentéiert. Eng Ausstellung vun der Gewënnerin vum Luxembourg Photography Award 2025.
"Perdre le nord" heescht de Projet vun der Kënschtlerin an Auteurin Carine Krecké, déi sech an hirem Schafen intensiv mat Theme wéi Krich a Gewalt auserneesetzt a fir hir Documentairesprojeten mat Ermëttelungsmethoden, wéi der Analys vun Open-Source-Kaarten a Satellitendate schafft. "Perdre le nord" baséiert op enger Enquête iwwer de syresche Krich, déi d’Carine Krecké viru 6 Joer lancéiert huet.
"Dat ass ausgeléist gi vun eppes, wat ech eben an der Kaart fonnt hunn. Ech hunn e Bild an der Kaart fonnt, wat eng 360°-Foto war vum syresche Krich an déi Foto hat mech ëmgeschloen. Ech hunn Archive gesicht, ech hunn Dokumenter gesicht, ech sinn an de Social Media gewiescht a lo, wou de Projet op Arles kënnt, muss ech ëm eng Form ginn. Do sinn da fënnef Videoen, et kann een och soen et si courts métrages documentaires, déi ëm déi Personnagë ginn, déi déi Biller an d’Kaart gesat haten, an déi domat iergendwou e Message wollte schécken iwwert de Krich.", sou d'Carine Krecké.
E Projet, dee sech kloer vun all den Ausstellungen ënnerscheet, déi Lët’z Arles an der Vergaangenheet bei de Rencontres de la photographie vun Arles presentéiert huet.
Gewise gëtt "Perdre le nord" an där imposanter, barocker Chapelle de la Charité. Den Defi bei der zeenografescher Gestaltung vun der Ausstellung war et, ee subtillen Equiliber ze fannen tëscht der Valorisatioun vun der Carine Krecké hire Videoen an dem Respekt virun deem historesche Lieu.
Vum 7. Juli bis de 5. Oktober kann een de Projet vu Lët‘z Arles an där historescher Stad Arles entdecken.