Spring Awakenings nach bis e Sonndeg am Theater
Am Kapuzinertheater gëtt nach bis dëse Sonndeg d’Theaterstéck Spring Awakenings opgefouert.
Dëst Stéck ass inspiréiert vum Frank Wedekind sengem Frühlingserwachen aus dem Joer 1891 a beschäftegt sech mat Theme, wéi Sexualitéit, Opklärung a Suizid bei Jugendlechen.
D’Iddi vu Spring Awakenings ass déi heiten : Eng Lëtzebuerger Schoulklass liest an hirem Däitschcours dem Wedekind säi Frühlingserwachen a bemierkt dobäi allerhand Parallellen zu hirem eegene Liewen. Spring Awakenings ass keng normal Adaptatioun vum Wedekind sengem Text. Dësen déngt reng als Basis fir eppes ganz Neies ze schafen, esou den Antoine Pohu.
„Mir geet et net drëm, en Text ze huelen an einfach ze kucken ze moderniséieren, mee wierklech en Text ze huelen als eng Matière an entweder mécht een eppes ganz Neies draus.“
Am Viraus goufe fir Spring Awakenings Workshops organiséiert, an deenen zesumme mat de Schauspiller um Konzept fir d’Theaterstéck geschafft gouf. Dobäi war et wichteg, seet d’Regisseurin Anne Simon, dat Ganzt aus der Perspektiv vu Jugendlechen ze gesinn.
„Dunn hu mer zimmlech séier decidéiert, fir mat Jugendlechen ze schaffen, fir déi verschidden Themen nach eng Kéier aus der Perspektiv vu Jugendleche vun haut ze beliichten.“
Dee gréissten Ënnerscheed zu fréier ass, dass Jugendlecher haut op soziale Medien ënnerwee sinn, wat hiren Ëmgang mat den zwar universellen Themen aus Frühlingserwachen verännert huet. D’Representatioun vun Tik Tok a Co. duerft also och op der Bün net feelen a spillt deemno am Theaterstéck eng zentral Roll.
„De Social Media ass bei hinnen extrem wichteg an dofir hu mer dat och ganz staark mat agebaut.“
Opgefouert gëtt Spring Awakenigns nieft dem Donneschdeg den Owend och nach dëse Samschden a Sonnden.