Bei der Loterie Solidaire kënnt Dir ë.a. Konschtwierker gewannen

D‘Loterie solidaire geet an déi zweet Ronn. Alles, wat een an der Lotterie gewanne kann, ass gestëft vu Kënschtler oder lokalen Entrepreneuren.
D‘Sue, mat deenen Dir d‘Tickete kaaft, ginn integral u "Mäi Start an d‘Liewen" gespent. Dat ass e Projet vun der Fondation Solina, déi mat jonken Erwuessene schafft, wéi d'Mia Kinsch erkläert:
"De Projet 'Mäi Start an d‘Liewen' ass fir hinnen ze hëllefen, sech wierklech z‘etabléieren am Liewen duerch Wunnraum an duerch Begleedung an deene Phasen, fir sech aus de Strukturen eraus am Liewen z‘etabléieren. Et ass eeben eng finanziell Hëllef fir Leit, mee awer och eng Begleedung op deenen Etappen als jonken Erwuessene Fouss ze faassen."
Zesumme mam Gudde Wëllen gouf op Basis vun engem Open Call eng Selektioun vu Kënschtlerinnen a Kënschtler a lokalen Entreprise gemaach, déi hire Bäitrag un d‘Lotterie gespent hunn. En Ticket fir d‘Lotterie solidaire kascht 10 Euro. Ma wat gëtt et dann zum Beispill ze gewannen?
"Tableaue vum Oriane Bruyat, Julien Hübsch, Sandra Lieners, Eric Mangen, Zoriana Tymtsiv, Alberto Vitelio, a vu mir selwer", esou d'Mia Kinsch. "An da schaffe mir fir dës Editioun och zesumme mat Lokalen, déi ee vläicht kennt. Zum Beispill de Bac, dat ass eng Cocktailbar, Bogère ass e Kleederbuttek, esou wéi Stitch a Fomeaux och. Dann hu mer de Florence an de Glow, Francis of Delirium spent Prints. Et kann ee Wäin gewanne vu Schmit Fohl, et kann een en Iessensbong fir bei Salento gewannen, Yo Loft an Ortea maachen och mat, an nach anerer!“
Nieft dem gudden Zweck gëtt also nach eng gutt Partie Grënn, fir een oder méi Tickete fir d‘Loterie solidaire ze kafen. Déi gëtt et um Site vum Gudde Wëllen.
Dir kënnt awer dem Gudde Wëllen oder dem Mia Kinsch och einfach op de soziale Medie followen: si wäerten dëse Weekend och ënnerwee sinn, an Iech Tickete fir Boergeld verkafen.
"Mäi Start an d' Liewen" ass e Projet vun der "Solina Solidarité Jeunes a.s.b.l" déi zu der "Fondation Solina" gehéiert.