E Mëttwoch den Owend waren iwwert der belscher Stad Boom däischter Wolleken ze gesinn. E Feier huet d'Haaptbün vum beléiften Elektro-Festival Tomorrowland zerstéiert.

An engem éischten Ament haten d'Organisateuren nach op enger Pressekonferenz matgedeelt, et géif een zwar nach no Léisunge sichen, fir den Ausfall vun der Haaptbün ze kompenséieren, ma de Festival sollt iwwert de Weekend trotzdeem ofgehale ginn. Den DreamVille Camping ass en Donneschdeg ëm 10 Auer opgaangen a géif Visiteuren empfänken, heescht et e Donneschdeg. D'Events zu Bréissel an Anvers géifen onverännert stattfannen.

RTL

© STRINGER / BELGA MAG / Belga via AFP

Wat den Haapt-Festival ugeet, schéngt elo awer alles net méi esou sécher ze sinn, wéi a belsche Medien ze liesen ass. "VRT" géigeniwwer huet d'Spriecherin vum Festival, Debby Wilmsen, gesot: "Déi eenzeg Gewëssheet, déi mir hunn, ass d'Erëffnung vum Camping."

D'Organisateure géifen "d'Hoffnung net opginn", ma letztendlech géif d'Entscheedung, ob de Festival ofgehale gëtt oder net, bei de Pompjeeë leien. "Et wier eng emotional Katastroph, wann de Festival net stattfanne kéint", esou d'Spriecherin. D'Organisateuren an d'Pompjeeë wieren am stännegen Austausch, huet et weider geheescht.

D'Feier war e Mëttwoch den Owend géint 18 Auer ausgebrach, méiglecherweis duerch Pyro-Technik. D'Ursaach muss allerdéngs nach ermëttelt ginn. Blesséierter gouf et net.

Reaktioune vun de Visiteuren
Reaktioune vun der Plaz.

Vun e Freideg bis e Sonndeg gi sech dausende Museksfans aus der ganzer Welt um Festival erwaart. Den zweete Weekend vum Festival ass vum 25. Juli bis de 27. Juli. D'lescht Joer waren am Ganze 400.000 Visiteure beim Elektro- an Techno-Festival. Mam Nosi a mam Ogazon sinn dëst Joer och zwee Lëtzebuerger DJen dobäi.