E Mëttwoch ass am spéiden Nomëtteg aus bis elo nach ongekläerte Grënn e Feier op der Haaptbün vum Elektro-Festival "Tomorrowland" ausgebrach.

D'Biller ware spektakulär an et ass zum Gléck kengem eppes geschitt. D'Feier huet d'Haaptbün vum international bekannten Elektro-Festival "Tomorrowland" an der Belsch mat hirem ikoneschen Dekor komplett zerstéiert. An dat nëmmen zwee Deeg virum geplangten Optakt vum Festival. De Camping ass en Donneschdeg de Moie Mol normal fir d'Visiteuren opgaangen. Och ee Grupp vun iwwer enger Dose Lëtzebuerger ass antëscht zu Boom ukomm.

E Lëtzebuerer um Tomorrowland / Rep. Claude Zeimetz

Dat, wat e Mëttwoch zum Boom an der Belsch geschitt ass, ass wuel dee gréissten Albdram vun all Festival-Organisateur. D'Feier koum zu engem Ament, wéi een u sech an der leschter Linn vun de Virbereedungsaarbechte war. E Festival, fir deen dëse Weekend pro Dag 65.000 bis 70.000 Leit erwaart ginn.

Honnerte Pompjeeë waren am Asaz, eng Dose Pompjeesween, an awer konnt net méi verhënnert ginn, datt déi spektakulär Bün vu 45 op 150 Meter mat hiren iwwer 200 Hautparleuren, Fontänen an dausende Spotte komplett de Flamen zum Affer gefall ass.

De Parquet huet natierlech eng Enquête opgemaach. D'Brandursaach ass awer nach net bekannt. Medie spekuléieren, datt e Problem mam Freedefeier gouf. D'Pompjeeë waren déi ganz Nuecht am Asaz fir ze garantéieren, datt d'Feier komplett aus ass an elo lafen d'Aarbechten, fir déi verbrannte Bün ze demontéieren.

Wat soen d'Lëtzebuerger op der Plaz?

Trotz dem Inferno, kommen zanter en Donneschdeg de Moien déi éischt Festivalgäscht um Camping un. Och eng 16 Lëtzebuerger hu sech um 6.30 Auer op de Wee an d'Belsch gemaach, ënnert hinnen de Michael Povoas. Hien huet eis viru Mëtteg seng éischt Impressioune vum Site erzielt.

"Mir sti lo hei virun der Dier. Mir waarden, datt mer rakommen. Dat kann nach eng Zäitchen daueren. D'Stëmmung ass immens gutt. D'Leit danzen, drénken. Et ass och Musek. D'Stëmmung ass am Fong wéi ëmmer. Wéi all Joers. Just datt d'Mainstage net méi do ass. Mä ech mengen d'Leit verstinn dat."

D'Leit si jo sécher och frou, datt de Festival bis elo net annuléiert ginn ass. Mä wat déi nächst Deeg méiglech wäert sinn, bleift fir den Ament nach onkloer.

RTL

© Michael Povoas

D'Organisateure vum Tomorrowland hunn antëscht offiziell confirméiert, datt just d'Haaptbühn vum Feier betraff war. Déi aner Bünen an de Rescht vum Site wieren net impaktéiert. Et stellt sech natierlech nieft der ganzer néideger Reorganisatioun vum Line-Up och d'Fro vun der Sécherheet - virop déi muss jo iwwerall kënne fir déi 60.000 Leit garantéiert ginn, déi op dësem éischte Weekend vum Festival ureese wollten. Dowéinst stinn d'Organisateuren an enkem Kontakt mat de lokalen Autoritéiten. De Camping konnt Mol normal opgoen, fir de Rescht bleift ofzewaarden, wat d'Autoritéiten erlaben, sou d'Porte-parole Debby Wilmsen ënnert anerem géintiwwer dem belschen RTL.

"Mir mussen natierlech lo kucke fir freides, samschdes a sonndes. D'Experte mussen eis soen, wat nach méiglech ass um Site. An dat musse mer ofwaarden. Natierlech huet dat heiten en Impakt. An da gesi mer e Freideg, wat méiglech ass."

Et géif ee vu Stonn zu Stonn kucken, zitéiert d'RTBF d'Pompjeeën. Um 12.30 Auer sollten d'Organisateure mat den zoustännegen Autoritéiten den nächste Point maachen. Et ass méiglech, datt op d'mannst fir den iwwernächste Weekend, wou den zweeten Deel vum Festival ass, eng nei Haaptbün opbaut gëtt. Fir e Samschdeg ass dat natierlech onméiglech, an domadder feelt d'Häerzstéck vum Festival.

Den Orbyz Mainstage as ëmmer ganz speziell, dat confirméiert och de Michael Povoas:

"Ënnert eis si Leit, déi scho siwemol do waren. An all Joer ännert d'Bün. Si hunn ëmmer aner Konzepter. An et ass dat, wat am Fong zimmlech gutt ass. Wat den "Tomorrowland" ausmécht, datt hir Büne wierklech ëmmer spektakulär sinn. An och d'Freedefeier an alles. Mä bon dëst Joer ass zimmlech schued, datt dat net de Fall ass. Mä op d'mannst ass kengem eppes geschitt."
 
E Samschdeg sollen zwee DJen hei aus dem Land um Tomorrowland opleeën. Den DJ Nosi an d'Djane Ogazon. Si waarden nach op weider Detailer vun den Organisateuren.