Englesche Medien no ass d'Rock-Legend Ozzy Osbourne am Alter vu 76 Joer gestuerwen.

Viru just zwou Wochen hat de Frontmann vu Black Sabbath nach ee leschte Farewell-Concert mat senger Band a senger Heemechtsstad Birmingham am Futtballstadion vun Aston Villa gespillt. Et war déi éischte Kéier zanter 20 Joer, datt d'Band an Originalbesetzung gespillt huet.

Den Ozzy Osbourne war u Parkinson erkrankt an huet seng Diagnos am Joer 2020 ëffentlech gemaach.

An enger Matdeelung vu senger Famill en Dënschdeg den Owend heescht et, den Ozzy Osbourne wier "vu Léift ëmgi" gewiescht, wou hie gestuerwen ass.

"Et ass mat méi Trauer wéi Wierder et ausdrécke kënnen, datt mir matdeele mussen, datt eisen Ozzy Osbourne de Moie gestuerwen ass", steet an der Matdeelung, signéiert vu senger Fra Sharon, a senge Kanner Jack, Kelly, Aimee a Louis.

D'Famill vum "Prince of Darkness" ass ënner anerem och bekannt aus der Reality-TV-Serie "The Osbournes" op MTV. De Museker selwer kennt een awer virun allem als Sänger vun der brittescher Heavy-Metal-Band Black Sabbath, déi 1969 ronderëm den Ozzy Osbourne, den Tony Iommi, den Geezer Butler an de Bill Ward entstanen ass. D'Band huet am Laf vun hirer Karriär iwwer 75 Milliounen Albe verkaaft a gëllt bis haut als Pionéier vum Musek-Genre. Méi spéit war den Ozzy Osbourne och als Solo-Kënschtler erfollegräich.

Am Juni 2011 war den Ozzy Osbourne an der Rockhal zu Esch. Fotoe vum Event fannt Dir hei.