De Journalist a Moderator Rainer Holbe ass dout

Déi däitsch Medieperséinlechkeet, déi och laang Zäit fir RTL zu Lëtzebuerg geschafft huet, ass am Alter vu 85 Joer verscheet.
Dat mellt ënnert anerem déi däitsch Presseagence a bezitt seng op eng Matdeelung vum Entertainer senger Duechter. Hie wier de 15. August zu Frankfurt am Krees vu senger Famill gestuerwen.
Ugefaangen huet de Rainer Holbe, Joergang 1940, seng Karriär bei der "Frankfurter Rundschau". 1973 huet hien ënnert dem Frank Elstner bei RTL Luxemburg ugefaangen, wou hien op der Antenn an de Mueresemissiounen als "Mr Morning" bekannt gouf.
Beim ZDF huet hien d'"Starparade" moderéiert, iwwer laang Zäit eng vun de beléiftste Sendungen. Hie war och Auteur vun enger Rei Bicher a krut fir seng Sendung "Unglaubliche Geschichten" am däitschen RTL 1987 d'"Goldene Kamera". An den 1980er Jore war hien un der Gebuertsstonn vun RTLplus, dem spéidere Fernseesender RTL, bedeelegt.
De Rainer Holbe hat eng enk Relatioun mam Grand-Duché: Tëscht 1974 an 2003 huet hien am Land gelieft, ier et hien zeréck op Frankfurt gezunn huet, wou hien opgewuess ass.
Dem Groussherzogtum a senge Frënn hei am Land wier hien och duerno awer weider verbonne bliwwen, heescht et op sengem perséinlechen Internetsite. Hien huet och duerno ënner anerem weider fir d'Lëtzebuerger Wort" geschriwwen.