"Voyage"Abba ass zeréck! Neien Album zanter Freideg eraus

RTL Lëtzebuerg
Fans hu bal 40 Joer op dëse Moment gewaart: An der Nuecht vun Donneschdeg op Freideg ass der schwedesche Pop-Grupp Abba hiren neien Album erauskomm.
© afp

Plazeweis, zum Beispill zu Berlin, hunn d’Museksbutteker extra schonn ëm Mëtternuecht opgemaach - virum Kulturkaufhaus Dussmann hunn d’Fans am Reen drop gewaart, datt d’Diere sollten opgoen.

Déi éischt Lidder vum Album “Voyage”, “Just A Notion”, “Don’t Shut Me Down” an “I Still Have Faith In You” ware schonn an de leschte Woche verëffentlecht ginn. Elo kënne Fans nach siwe weider nei Lidder vum Agnetha Fältskog, dem Björn Ulvaeus, dem Benny Andersson an dem Anni-Frid “Frida” Lyngstad entdecken. Dat Ganzt gëtt et op CD, op Vinyl an esouguer op Kassetten ze kafen.

Fir déi véier Schweden ass et den néngte Studioalbum. Hire leschte war “The Visitors”. D’Plack ass den 30. November 1981 erauskomm. Ee Joer méi spéit war Abba hire leschten Optrëtt, ier si ugekënnegt hunn, eng Auszäit ze huelen. Am nächste Joer wëll d’Band och nees optrieden - allerdéngs virtuell an enger Arena zu London.

Back to Top
CIM LOGO