Oscars a RassismusAcademy wëll mat neie Krittäre fir méi Diversitéit suergen

RTL Lëtzebuerg
Als Reaktioun op d'Rassismus-Debatt an den USA huet d'Academy d'Ausschaffe vun neie Krittäre bei der Oscar-Nominéierung annoncéiert.
© AFP

D’Oscare solle méi inklusiv ginn. D’Academy wëll mat neie Mesuren d’Pluralitéit an d’Gläichstellung bei der Zeremonie an den eegene Reie promouvéieren.

De Filmverband, mat iwwer 9.000 Memberen, huet e Freideg d’Verännerunge presentéiert. Sou sollen zum Beispill nei Guidelines fir d’Nominéierung ausgeschafft ginn, déi d’Inclusioun an d’Diversitéit berécksiichtegen.

D’Oscar-Iwwerreechung dëst Joer wier nach net vun den neie Reegele concernéiert.

Back to Top
CIM LOGO