Op NeijoerschdagÄert Wonschlidd an Är Gréiss um Radio

Kevin Kayser
Dir wëllt enger spezieller Persoun fir Neijoerschdag wënschen? Wisou dat net iwwert de Radio maachen!
© RTL Grafik

Den 1. Januar hutt Dir d’Méiglechkeet, de Programm op RTL Radio Lëtzebuerg matzebestëmmen. Mä net just dat: Och Är Neijoerschwënsch fir d’Frënn an d’Famill kënnt Dir iwwert de Radio erausginn. Dofir musst Dir just eise Formulaire hei drënner ausfëllen an e kuerzen Audio- oder Videomessage* drunhänken. Dëse kann dann am Laf vum 1. Januar tëscht 8 an 19 Auer um Radio diffuséiert ginn.

Dir kënnt Äre Message, also wéi ee Lidd Dir Iech wënscht a wien Dir domadder gréisse wëllt, bis den 31. Dezember um 12 Auer mëttes eraschécken. Méi spéit ass dëst leider net méi méiglech.

Als weider Optioun, wann Dir dat wëllt, kënnt Dir och uklicken, fir en Interview ze ginn. Dës Optioun ass awer reng fräiwëlleg a mir kënnen am Virfeld net garantéieren, wéi eng Leit, déi dëst och wëllen, vun eis kontaktéiert ginn.

*Vun de Videomessagen notze mir just d’Tounspuer an net d’Biller. Dës Optioun wollte mer eise User ginn, well et a ville Fäll méi einfach ass, fir e Video mam Handy opzehuelen, wéi en Audio. De Message dierf maximal 30 Sekonne laang sinn an net méi grouss wéi 30 MB.

Back to Top
CIM LOGO