
Heibäi dréit et sech ëm eng Affiche, déi op déi kommend Saison hiweise sollt. Ze gesi war d'Foto vun engem jonke Meedchen an den Text "Dës Saison ass fir jiddereen eppes dobäi!". Bei verschiddene Leit op de soziale Medien ass dës Affiche net gutt ukomm an et gouf eng sexuell Konnotatioun kritiséiert. Dat och wéinst de grafeschen Elementer op der Affiche. Déi Kritik koum ënnert anerem vun der Ana Pinto, der Presidentin vun "La voix des survivant(es)". Si huet déi séier Reaktioun vum CAPE gelueft, dat am Live-Interview e Samschdeg um Radio.
Wéi et elo an engem Pressecommuniqué vum CAPE selwer heescht, wier ee sech deem net bewosst gewiescht an et géif een d'Affichen dofir elo all erof huelen. Et hätt een eleng wéilten op déi nei Saison opmierksam maachen an de Leit iwwermëttelen, dass Inclusioun am Kulturhaus grouss geschriwwe gëtt.
Am Communiqué gëtt sech ausserdeem beim Meedchen op der Foto a senger Famill entschëllegt. De CAPE seet och deene Leit Merci, déi si esou séier op d'Ambiguitéit vun dëser Affiche opmierksam gemaach hunn.
Et géif een um Validéierungsprozess vun esou Projete schaffen, fir dass esou e Feeler an Zukunft net nach eng Kéier virkënnt.