A Virfeld vu Manifestatioun fir bessere Schutz vu KannerCAPE zitt Affiche vun enger Campagne no Kritik zeréck

Claude Zeimetz
D'Presidentin vun der Associatioun "La voix des survivant(e)s" huet dem CAPE seng séier Reaktioun op d'Kritik ausdrécklech gelueft.
D'Ana Pinto hat eng Affiche vum Centre d'arts pluriels zu Ettelbréck kritiséiert.

D'Leit sinn opgeruff e Petzi matzebréngen. Amnesty International, d'Asbl "Innocence en danger" a "la voix des survivant(e)s" ruffe fir 15 Auer e Samschdeg enger Manifestatioun an der Stad op, fir sech fir eng dréngend Verbesserung vun der Protektioun vun de Kanner zu Lëtzebuerg viru Gewalt staark ze maachen. Hannergrond ass net nëmmen d'Tatsaach, datt an der Moyenne all Woch eng Plainte wéinst Vergewaltegung vun engem Mineur hei am Land gefouert gëtt, mä och den dramatesche Fall "Lyhanna" a Frankräich wou jo e Meedche vun 11 Joer, Affer vun engem Mann gouf, dee schonn an der Vergaangenheet wéinst sexuell Delikter opgefall war, mä ni gehéiert gouf. D'Dysfunktionnementer, déi zum Dout vum Meedchen gefouert hunn, hunn iwwer Frankräich eraus fir vill Onversteesdemech gesuergt.

D'Organisateure vun der Maniff denoncéieren ënnert anerem, datt den Affer respektiv hiren Elteren nach ëmmer ze dacks net gegleeft gëtt, wa se e Verdacht mellen. Donieft wieren d'Prozeduren zu Lëtzebuerg einfach ze laang. "La voix des survivant(e)s" hat viru ronn engem Mount am Kontext vun der Lyhanna-Affär en oppene Bréif un de Premier Luc Frieden geschriwwen mä krut bis haut nach keng Äntwert. Am Moiesjournal e Samschdeg huet d’Presidentin Ana Pinto betount, et wier zwar a leschter Zäit vill geschitt an hir Asbl géif och gutt mat Police a Parquet zesummeschaffen mä et misst nach méi gemaach ginn, fir datt et keng weider Affer gëtt.

Séier reagéiert huet iwwerdeems de CAPE, de Centre d'arts pluriels zu Ettelbréck nodeems d’Ana Pinto an hirem perséinlechen Numm eng Affiche vun der neier Campagne vum Kulturinsitut op Facebook kritiséiert hat. Op der Foto war e jonkt Meedchen an eng Grafik mam Text "et ass fir jiddereen eppes dobäi" ze gesinn. Am Ana Pinto hiren Aen war d'Bild sexuell connotéiert. De CAPE huet sech antëscht entschëllegt an d'Affiche wéi zeréckgezunn. D’Ana Pinto huet déi séier Reaktioun e Samschdeg bei eis op der Antenn ausdrécklech gelueft.

Back to Top
CIM LOGO