A CAPE’lla Festival 2026Åkervinda konnten den Ufank maachen

Isabelle Gillen
Um Donneschdeg den Owend war den Optakt vun der 10. Editioun vum A CAPE’lla Festival, deen nach bis e Sonndeg vum Cape zu Ettelbréck organiséiert gëtt.
A CAPE’lla Festival 2026
Um Donneschdeg den Owend war den Optakt vun der 10. Editioun vum A CAPE’lla Festival, deen nach bis e Sonndeg vum Cape zu Ettelbréck organiséiert gëtt.

Op dësem Festival trieden ënnerschiddlech Sänger an Ensembelen op, déi ganz ouni Instrumenter a just mat hirer Stëmm Musek maachen.

Déi eng sangen en Text, déi aner benotzen hir Stëmm, fir déi passend Melodie ze kreéieren an esou e vollstännegt Lidd zum Liewen ze erwächen. Instrumenter ginn et am A capella keng an dofir mussen d’Stëmmen ëmsou méi perfekt funktionéieren. Bei Åkervinda, engem schweedeschen Ensembel, deen den Ufank vum Festival markéiert huet, sti 4 Fraen eleng op der Bün a bréngen traditionelle nordesche Folklor a modernen Jazz beieneen.

D’Direktesch vum CAPE Ana Maria Tzekov, déi 2024 d’Leedung vum Gebai iwwerholl huet, wollt den A CAPE’lla Festival onbedéngt bäibehalen, ma awer liicht verännert. Fir dee ronne Gebuertsdag vum Festival an och de 25. Gebuertsdag vum CAPE huet d’Direktesch sech e neit Konzept iwwerluecht: Community a Participatioun.

„Wir sind bis jetzt immer nach Diekirch gegangen, aber dieses Mal auch nach Schieren und Erpeldange, um wirklich so verschiddene Spielstätten, verschiedene Atmosphären und Publika einzuladen dabei zu sein und wirklich auch nahbar und mobil zu sein.“

Och déi kommend Deeg huet de Festival nach deen een oder anere Gesang ze bidden. De Programm ass wéi ëmmer immens divers, esou dass fir jiddereen eppes kann dobäi sinn. Vum Lëtzebuerger Beatbox-Weltmeeschter, Tom Slizzer, bis hin zu ganz traditionellem A capella-Gesang ass alles dobäi erzielt den Direkter vum INECC, den Arend Herold, deen zesumme mat der Direktesch vum CAPE de Programm fir dës Editioun vum Festival ausgeschafft huet.

„Et ginn immens vill Facette vum Vokalgesang, beispillsweis gi mir jo hei vun der Renaissance heiansdo bis an dat ganz Modernt, an de Beatbox, wat mam klassesche Gesang jo guer näischt méi ze dinn huet.“

Nach 10 weider Concerte ginn et bis den 1. Februar um A CAPE’lla Festival z’entdecken. Dee ganze Programm vum A CAPE’lla Festival fannt dir op https://cape.lu/festival/festival-capella

Back to Top
CIM LOGO