
D’Albena Petrovic ass Lëtzebuergerin a wunnt zënter 25 Joer zu Lëtzebuerg. Gebuer ass si a Bulgarien, wou si och hir Ausbildung als Komponistin kritt huet.
D’Albena Petrovic huet en Dënschdeg an der Philharmonie eng nei CD virgestallt, zesumme mat de Lëtzebuerger Véronique Nosbaum, Sopranistin, an dem Romain Nosbaum um Piano.
Bis zum Enn vum Joer geet et fir d’Ekipp Petrovic an Nosbaum weider mat 8 Concerten duerch Europa, ënnert anerem zu Barcelona, Wien an Hamburg.