2017 gouf fir d’Chrëschtzäit de “Rumpelstilzchen” nei interpretéiert, 2019 war et d’Geschicht vum “Rabonzel”. Dëst Joer hunn d’Schrëftstellerin Elise Schmit an d’Regisseurin Anne Simon “Brüderchen und Schwesterchen"fir déi grouss Bün adaptéiert - ee manner bekannt Märche vun de Bridder Grimm. Hei geet d‘Geschicht esou: All déi Jonk aus dem Kinnekräich goufen op dem neie Kinnek säi Fest invitéiert – just de Brudder an d’Schwëster net. Si mussen am Haus vun hirer Stéifmamm, der Madamm Malfi bleiwen, déi si schikanéiert an ausnotzt. Ma d’Kanner fänken un, sech ze wieren. Wéi et op dem Kinnek sengem Fest zu engem Accident kënnt an de Brudder an d’Schwëster d’Wourecht gewuer ginn, gëtt et an hirem Doheem ze geféierlech. Si lafe fort an de Bësch, bei déi wëll Déieren.
Et ass eng Geschicht iwwer Solidaritéit, Loyalitéit a Frëndschaft. Déi zäitgenëssesch Versioun aus der Fieder vum Elise Schmit an no der Regie vum Anne Simon ass awer och eng Ausernanersetzung domadder, wéi mir an enger Welt vu festgefuerenen Erwaardunge liewen.
Déi verschidde Personnagen a Situatioune ginn ënnerstrach vu Musek, déi vum Pascal Schumacher extra fir dëst Stéck geschriwwe gouf, a vu United Instruments of Lucilin gespillt gëtt. Wat d‘Villfältegkeet vun der Déierewelt ugeet, esou erzielt dës sech virun allem iwwer d‘Danzkreatioun vun der Choreografin Elisabeth Schilling.
Méi wéi 40 kreativ Käpp hunn doru geschafft, fir de Bridder Grimm hirem Märche mat dëser Produktioun eng nei Nues ze ginn an op der Bün eng magesch Fantasiewelt ze kreéieren.
Dëse Freideg feiert „All d’Déieren aus dem Bësch“ seng Première am Groussen Theater. Gespillt gëtt bis den 23. Dezember inclus.