
Och d’Konscht kënnt net laanscht déi Kënschtlech Intelligenz. Dowéinst hu sech d’Patricia Baum an d’Sandy Elsen ënnerstëtzung aus der Kulturzeen geholl, fir iwwert dës technesch Entwécklung ze schwetzen, déi am Alldag, och an der Konscht, ëmmer méi eng wichteg Roll anhëlt an déi awer, wa se falsch genotzt gëtt, fir verschidde méi kleng a gréisser Problemer ka suergen.
Mat dobäi waren de Realisateur Christian Neuman, déi diploméiert Philosophin Nora Schleich an de Museker a Komponist Pol Belardi. Dëse Samschdeg hu mer d’Emissiounen, déi eng éischte Kéier den 3. an 10. Mee 2025 ausgestraalt goufen, rediffuséiert.