Dorënner bekannte Wierker wéi de Club des Chômeurs, Rusty Boys, Troublemaker oder Documentairen iwwer Lëtzebuerger Perséinlechkeete wéi de Fausti.
Den Ament dréint den Andy Bausch en neie Film, dat ënnert anerem matten an der Stad. Am Film geet et ëm ee Mann, dee probéiert seng Famill zesummenzehalen an e këmmert sech ënner anerem ëm de klengen Enkel, de Jules. Deem seng Mam Probleemer mat Drogen huet an de Bop probéiert, mat alle Mëttelen ze verhënneren, dass de Jong an een Heem muss, eng Plaz op där e selwer misst opwuessen. Am Mëttelpunkt vun der ganzer Geschicht steet een iresche Pub, den “Little Duke”, dee gëtt dem Film och säin Numm.
“Little Duke” soll am Februar 2023 an d’Kinoe kommen.