
Déi 1.300 Joer al Skulptur stellt de Mais-Gott duer. Si wier no Ost-West ausgeriicht gewiescht, wat der Aschätzung vun de Fuerscher no d’Entstoe vum Mais mat den éischte Strale vun der Sonn symboliséiert hunn.
Deen d’lescht Joer entdeckte Kapp war bei engem Gewässer a sollt de Wëssenschaftler no den Zougang zur Gottheet vun der Ënnerwelt weisen. D’Decouverte erméiglecht der Wëssenschaft Erkenntnisser doriwwer, wéi d’Maya zu Palenque de mytheschen Iwwergank vu Gebuert, Doud an Neesoperstoe vum Mais-Gott erlieft hunn, heescht et weider.
Palenque am Bundesstaat Chiapas ass eng vun de wichtegste Maya-Stätten a Mexiko an zitt wéinst senger imposanter Bauten zanter Jore sëllegen Touristen un.