De Kënschtlerduo Karolina Markiewicz & Pascal Piron Ausstellung am Pomhouse verlängert bis Enn Juli

RTL Lëtzebuerg
"PFH*" esou den Titel vun der grousser multimedialer Ausstellung zu Diddeleng.
© CNA / Romain Girtgen 2020

Zënter 2013 schaffen d’Karolina Markiewicz an de Pascal Piron am Duo, de Mënsch a seng Konflikter si meeschtens den zentrale Punkt an hirer Aarbecht. Zu Diddeleng am Pomhouse thematiséieren si, mat Hëllef vu verschiddene Medien - Film, Audio, Texter, Molerei an der virtueller Realitéit - d’Geschicht an de Mënsch mat senge Konflikter.

“PFH” steet am Québec als Ofkierzung fir “putain de facteur humain” a baséiert op enger einfacher Observatioun. De Mënsch huet nämlech d’Geschicht an der Hand, e kann se esou dréine wéi e se wëll oder brauch. Dat kann op der richteger oder falscher Säit geschéien. Decidéiert de Mënsch sech dofir gréisser Probleemer ze ignoréieren oder sech domat ze confrontéieren? De kanadeschen Astrophysiker Hubert Reeves huet sech decidéiert net ewechzekucken an huet de Begrëff “Putain de facteur humain” an “précieux facteur humain” ëmgewandelt.

“Un être humain peut faire basculer l’Histoire, du mauvais côté, lorsqu’il détourne son regard des enjeux majeurs, ou bien du bon côté, lorsque qu’il reconnaît ce qui est précieux et se confronte aux enjeux humains et terrestres.” (Hubert Reeves)

Mat dëser Ausgangsiddi hunn sech d´Karolina Markiewicz an de Pascal Piron intensiv ausernee gesat. Konflikter aus verschiddenen Zäiten a Kulturen gi mat der multimedialer Installatioun ugeschwat. Dëst geet vu mythesche bis soziopolitesch Konfrontatiounen.

© © CNA / Romain Girtgen 2020

Dat wat di zwee Kënschtler verbënntass de Kino, d’Konscht an den Theater. Formen an deene si Plaz fir den Individuum an der Gesellschaft maachen. Den Hin-an-Hier tëschent Resignatioun an Hoffnung, dat sinn zwee grouss Gefiller déi de Mënsch dozou dreift Decisiounen ze huelen.

D’Ausstellung thematiséiert dës Gefiller a visualiséiert se op verschidde Manéieren, wéi zum Beispill a Form vun der virtueller Realitéit. An der VR-Installatioun gesäit een nämlech zwou Gëttinnen di a Slowmotion openeen zoulafen. Als Spectateur steet ee genau an der Mëtt an et gesäit een d’Konfrontatioun op sech duerkommen. Den Duo huet awer och vill Video a Sounddokumentatioune vu politeschen a soziale Konflikter uechtert d’Welt an de leschte Méint gesammelt.

© © CNA / Romain Girtgen 2020

Wat d’Ausstellung och besonnesch mécht ass di grouss Zesummenaarbecht mat villen aneren Artisten. Dem Mënsch seng Decisiounen a wéi en Impakt se kënnen op eng ganz Gesellschaft hunn, mat deem Gedankegank hunn sech och zwou Schauspillerinnen (Elisabet Johannesdottir an Amandine Truffy), eng Sängerin (Ásta Sigurdardottir), eng Butoh-Dänzerin (Yuko Kominami) an e Museker (Kevin Muhlen) ausernee gesat. All di verschidden artistesch Approchen fléissen an d’Expo mat eran. Gehierfudder op héijem Niveau.

© © CNA / Romain Girtgen 2020

“PFH” erwächt de Virwëtz beim Visiteur, ma stellt awer och gläichzäiteg vill Froen an de Raum. Wat de Mënsch dozou dreift Decisiounen ze huelen, di entweder gutt oder schlecht kënne sinn a wat Ignoranz a Konfrontatioun op soziopoliteschem Plang ausléise kënnen. Eng Dualitéit di, wéi mir et aus der Geschicht kennen, e battere Nogeschmaach kann hunn.

D’Expo vum Karolina Markiewicz a Pascal Piron am Pomhouse zu Diddeleng ass de 7. Mäerz opgaangen an dono matten an de Confinement gefall, dofir gouf se elo bis de 27. Juli verlängert.

Back to Top
CIM LOGO