Déi meescht Fans ginn op e Concert fir gutt Musek ze lauschteren, zu Iechternach huet och de Kader de Concert zu eppes Besonneschem gemaach. An de Clueso wousst mat senger Band dës Kuliss ze notzen an de Public zwou Stonne laang ze begeeschteren an d’Stëmmung héich ze halen.

Den däitsche Singer-Songwriter huet ëmmer nees de Kontakt zu de Fans gesicht an och Geschichten aus sengem Liewen erzielt. Esou ënnert anerem, wéi et zum Lidd zesumme mat Fanta4 komm ass, oder och iwwert seng Frëndschaft zum Udo Lindenberg. De Clueso huet um Ënn vum Concert d’Stëmmung esou beschriwwen: “Es ist als würde ich 10 Cent ins Publikum schmeissen und ihr schmeisst mir 3 Euro zurück.”

Mëttlerweil huet den Däitschen 9 Alben erausbruecht. De Sonndegowend war e Réckbléck op 20 Joer Musek vum Clueso. Achterbahn, Sag mir was du willst a Neuanfang, dës dräi Songs huet en direkt am Ufank zum Beschte ginn. Ee vu senge
gréissten Hits koum direkt duerno mat Keinen Zentimeter.

D’Musek vum Clueso lieft awer net nëmme vum Gesang, d’Band suergt fir den néidege Beat. Du warst mit dabei, Zusammen, Cello, Tanz aus der Reihe, Heimatstadt oder och nach Chicago, goufe gespillt. Mat Posaun, Trompett a Saxophon huet een nieft der Gittar, Bass, Keyboard an Drums e ganz besonnesche Sound, d’Live-Interpretatioun vun «Tanzen» war do de passenden Ofschloss.
Dat awer net fir e Concert, mee fir Vakanz ze maachen. D’Alstad, mat de Gässelcher an de Restauranten huet et dem Museker ugedoen. A wann en da schonn do wier géif en och an de Mëllerdall wandere goen. Am Virfeld vum Concert hat de Sänger RTL scho gesot, dass e gär zu Lëtzebuerg optrëtt, an datt e gär Zäit an der Stad verbréngt. Mat Iechternach huet en elo eng wieder gutt Adress zu Lëtzebuerg.
Am nämmlechten Interview sot en och, dass en am Ufank vu senger Karriär groussen Drock hat sech ze beweisen. Elo kéint e vill méi genéissen. An dass em dat geléngt, konnten um Sonndegowend ronn 2.500 Leit zu Iechternach materliewen. Ganz zum Schluss huet en zesumme mam Public e Freestyle gemaach, gerappt, gesongen, gedanzt a gegeckst. Den Echterlive-Festival hat säi verdéngten Ofschloss.
