Fënnef Stonne pro Woch hu si fir dëse Spektakel geüübt. Lauter Schüler aus dem Conservatoire aus der Stad, hire Repertoire vum gregorianeschen Gesang bis hin zu zäitgenëssescher Musek. De Pierre Nimax a seng Fra Marie-Reine hu virun 30 Joer de Chouer Pueri Cantores gegrënnt an dëst no der mëttelalterlecher Traditioun vun de Jonge-Chéier. Et ass eng grouss Erausfuerderung fir si, nodeems si d’lescht fir de musikaleschen Deel gesuergt hu virum Grand-Duc senger Chrëschtdagsried. Begleet gi si vu Livemusek vum Orchestre philharmonique du Luxembourg.
Mir huelen Iech mat hannert d’Bün, awer och mat op d’Bün an dëst virun engem Public vun 1.400 Schüler.