Brit AwardsBand "The 1975" als beschten national Band ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
De Popstar George Ezra an d'Newcomerin Jorja Smith hu bei de Brit Awards triumphéiert a goufen als bescht britesch Kënschtler a Kënschtlerin ausgezeechent.
The 1975
The 1975

D'Band The 1975 gouf als beschten national Band an fir den beschten Album „A Brief Inquiry Into Online Relationships“ ausgezeechent.

D'Dua Lipa an de Calvin Harris hu fir den Hit "One Kiss" de Präis fir déi bescht britesch Single gewonnen.

D'Präisser fir déi bescht international Kënschtler goungen un de kanadesche Rapper Drake, d'US-Sängerin Ariana Grande, grad ewéi un d'Beyoncé an den Jay-Z, déi ënnert dem Numm The Carters zusummen optrieden.

D'US-Sängerin Pink krut als éischten Net-Brittin den Éierepräis iwwerreecht, dëst fir hir 20 Joer am Musekbusiness.

Back to Top
CIM LOGO