RIPBekannte Fotographin Sabine Weiss ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Famill matgedeelt huet, ass déi schwäizeresch-franséisch Fotografin am Alter vu 97 Joer bei sech doheem zu Paräis gestuerwen.
© AFP

Bal 8 Joerzéngte laang huet d’Sabine Weiss de gesellschaftleche Wandel an hire Biller festgehalen. Si war déi lescht Vertriederin vun der franséischer Schoul an der humanistescher Fotographie, deenen och esou berüümt Kolleege wéi de Robert Doisneau, Willy Ronis oder Brassaï ugehéieren.

D’Sabine Weiss ass 1924 an der Schwäiz op d’Welt komm. Mat 12 Joer huet si sech hir éischt Kamera kaf, mat 16 Joer huet si dunn hir Léier an engem renomméierte Genfer Fotostudio ugefaangen. 1946 huet si sech zu Paräis niddergelooss an huet 19985 déi franséisch Nationalitéit ugeholl.

Scho ganz fréi huet si ugefaangen d’Liewensëmstänn vu gewéinleche Mënschen ze dokumentéieren. Hiren éischten Job no der Arrivée zu Paräis hat si beim Moudefotograph Willy Maywald. Bekannt war d’Pionéierin an der Nokrichsfotographie och fir hir Opnamen a Saache Moud an der “Vogue”, ma och fir hir Portraiten, dorënner d’Komponiste Benjamin Britten an Igor Strawinsky, ma och de Moler Fernand Léger. Zu hire Clientë gehéieren nieft der “Vogue” och “Newsweek”, “Time”, “Life”, “Esquire” a “Paris Match”.

Hir Wierker goufen a ronn 160 Ausstellunge weltwäit gewisen a sinn och a stännege Sammlungen a bedeitende Muséeën, zum Beispill Museum of Modern Art, de Metropolitan Museum of Art in New York an de Centre Pompidou zu Paräis.

Am Juli nach hat d’Sabine Weiss nach am Juli mat vill Freed eng Retrospektiv vun hire Wierker am Museon Arlaten zu Arles besicht. Am Mäerz sinn hir Fotoen zu Venedeg ze gesinn. Hirem Team no handelt et sech ëm en Hommage un hir Wierker.

Back to Top
CIM LOGO