
Engersäits ass Danz Beweegung, e physikalescht Phänomen, dat unhand vu komplexe Rechnungen an Theorie kann erkläert ginn, ma anerersäits kann ee Beweegung och als symboleschen Akt verstoen, dee mat sozialen a kulturelle Codë versat ass.
A sengem Stéck “La théorie des ficelles” léist den Étienne Fanteguzzi déi zwou Usiichten openeentreffen an erkläert esou Wëssenschaft unhand vun der Konscht. Déifgrënneg a komplex Theorië sollen doduerch verständlech duergestallt ginn. De But vum Kënschtler ass dobäi “d’Freed un der wëssenschaftlecher Ausenanersetzung matzedeelen an och de Geescht vum Publik wärend der ganzer Opféierung a Beweegung ze setzen”.
“La théorie des ficelles” leeft den 18. Februar an der Banannefabrik zu Bouneweg an der Stad.