Internationale Kongress vun de FuerbibliothéikenBicherbusser aus ganz Europa treffe sech zu Lëtzebuerg

Bea Kneip
Klammt eran! De 6. September vun 11h00 bis 14h00
© Christophe Mendes

Dëse Weekend ass an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg en internationale Kongress vu Fuerbibliothéiken. Nieft dem offizielle Programm gëtt et bei dësem Bicherbustreffen awer och en Deel dee sech un de grousse Public riicht. E Sonndeg 6. September wäerten nämlech Bicherbusser aus aller Häre-Länner virun der Coque geparkt sinn, an d'Leit kënnen eraklammen a se sech alles vu bannen ukucken. Wourëms geet et bei dësem Kongress a wat ass fir d'Visiteure virgesinn? Dat verréit de Michel Molinaro, Responsabel vum Service Bicherbus, am Interview.

De Michel Molinaro, Responsabel vum Service Bicherbus
De Michel Molinaro, Responsabel vum Service Bicherbus
© RTL/Bea Kneip

Wat sinn d’Theme vun dësem Kongress a firwat ass den internationalen Austausch wichteg?

Michel Molinaro: Den internationalen Fuerbibliothéikskongress soll virun allem eng Plattform fir den Austausch tëscht deene verschiddene mobillen Bibliothéiksservicer sinn. Et geet ëm aktuell Erausfuerderungen, nei Konzepter, Digitaliséierung, Nohaltegkeet, nei Gefierer an alternativ Undriffstechnologien, awer och ëm d’Fro, wéi mir an Zukunft nach méi Leit mat eise Servicer erreeche kënnen.

Den internationalen Austausch ass dobäi besonnesch wäertvoll, well d’Fuerbibliothéiken zwar a ganz ënnerschiddleche Regiounen ënnerwee sinn, mee dacks virun änlechen Erausfuerderunge stinn. Et muss een d’Rad net ëmmer nei erfannen. Et kann ee vill vun den Erfarungen, Iddien a Léisungen vun aneren iwwerhuelen an un déi eege Situatioun upassen. Alles fänkt mat enger Begéinung un, an aus Begéinungen entstinn nei Iddien, heiansdo souguer flott Projeten.
 
Wéi eng Länner wäerten zum Beispill vertruede sinn?           

Michel Molinaro: Mir freeën eis, Participanten a Bicherbusser aus verschiddenen europäesche Länner zu Lëtzebuerg begréissen ze kënnen. Vertruede sinn ënner anerem Däitschland, d’Belsch, Holland,Polen a Schweden, fir nëmmen déi ze nennen.
 
Wéi wichteg si Bicherbusser a ländlechen oder schwéier zougängleche Géigenden oder souguer a Krisegebitter?

Michel Molinaro: D’Bicherbusser bréngen d’Bibliothéik bei d’Leit. Besonnesch a ländleche Regiounen, wou d’Distanze méi grouss sinn an et keng lokal Bibliothéik gëtt, garantéiert e Bicherbus den Zougang zu Bicher, Informatiounen, Bildung a Kultur. Esou e mobillen Déngscht huet och eng grouss sozial Bedeitung. Nieft dem Zougang zu Medien geet et och ëm mënschleche Kontakt an d’Méiglechkeet, um gesellschaftlechen a kulturelle Liewen deelzehuelen, besonnesch an isoléierten Regiounen, wou sozial Kontakter an Austausch oft limitéiert sinn.
 
Lëtzebuerg ass e Land vun de kuerze Weeër, an awer ass och hei de Bicherbus bekannt a beléift. Wat kann e Bicherbus wat eng traditionell Bibliothéik net kann?

Michel Molinaro: Dem Bicherbus seng gréisste Stäerkt ass ganz kloer seng Mobilitéit. Lëtzebuerg ass zwar e klengt Land, mee mir hunn eng relativ begrenzten Zuel un ëffentleche Bibliothéiken. De Bicherbus kann dës geografesch Lück opfänken an d’Bibliothéik direkt bei d’Leit bréngen. Domat erméiglecht en och deene Leit den Zougang zu Kultur a Literatur, déi keng Bibliothéik an hirer direkter Géigend hunn.

Wéi ass dëse Service hei zu Lëtzebuerg organiséiert a wéi vill Lieser erreecht en?

Michel Molinaro: Mir fueren aktuell op 15 Touren verdeelt  82 Uertschaften am ganze Land un. Dat bedeit, datt och Leit, déi keng standhaft Bibliothéik an hirer direkter Ëmgéigend hunn, reegelméisseg Zougang zu engem Bibliothéiksservice kréien. Ze betounen ass och datt de Bicherbus sech un all Alter riicht vun 0-99 Joer. A ville Käpp besteet d’Meenung datt de Bicherbus sech exklusiv u Kanner géing riichten, wat awer net de Fall ass.D’Leit kënnen direkt am Bus Medien ausléinen, awer och Dokumenter iwwer a-z.lu reservéieren an dono um Arrêt vun hirer Weil ofhuelen.

D’Aschreiwung beim Bicherbus ass gratis a kann direkt op der Plaz am Bus gemaach ginn. D’Aschreiwung beim Bicherbus ënnerscheet sech vun der Aschreiwung bei der Nationalbibliothéik a gi getrennt vun eneen geréiert.

Weider Informatiounen fënnt een op eiser Websäit: www.bicherbus.lu

 Mir hunn aktuell 1650 ageschriwwe Lieserinnen a Lieser.

Wat gëtt et de Sonndeg 6.September fir d’Visiteuren z’entdecken ?

Michel Molinaro: E Sonndeg gëtt et virun der Coque eppes, wat een zu Lëtzebuerg net all Dag gesäit, Bicherbusser aus verschiddenen europäesche Länner kommen op enger Plaz zesummen. D'Visiteure kënnen d’Gefierer net nëmme vu bausse kucken, mee och eraklammen an déi ganz ënnerschiddlech Konzepter entdecken.
D'Ausstellung ass vun 11 bis 14 Auer um Parvis vun der Coque fir den Public zougänglech. Den Entrée ass gratis a jiddereen ass wëllkomm.
 
A firwat sollt een (wann een dat nach net gemaach huet) sech beim Bicherbus aschreiwen a sech den nächste Passage vum Bus a senger Uertschaft notéieren?

Michel Molinaro: De Bicherbus ass méi wéi nëmmen eng Plaz wou ee Bicher ausléint. En ass och eng Plaz vun der Begéinung, vum Austausch an der Proximitéit. An enger Zäit wou ëmmer méi Servicer digital an anonym ginn, ass genee dës mënschlech Proximitéit eng vun eise grousse Stäerkten.
Gläichzäiteg bitt de Bicherbus e gratis Zougang zur Informatioun, Bildung, Kultur, Entspanung a Freed um Liesen.

Méi praktesch geet et net, d'Bibliothéik, déi (bal) bis bei een heem virun d'Dir kënnt! A wann Dir och emol an d'Bicherbusser aus aner Länner wëllt virwëtze goen, dann notéiert Iech de Rendez-vous, dëse Sonndeg 6.September vun 11h00 bis 14h00 um Parking virun der Coque.

Back to Top
CIM LOGO