VIDEO: Bicher an NaturBicherwoch am Biodiversum zu Remerschen

RTL Lëtzebuerg
All Joers an der Fuesvakanz gëtt am Biodiversum zu Remerschen eng Bicherwoch organiséiert.
© Vido Kuzmic

D’Zil ass et, d’Leit op d’Natur ze sensibiliséieren – an dat mat Hëllef vun engen 200 Bicher an aneren Aktivitéiten. Wat alles um Programm steet a wéi ee Kanner mat Naturthemen begeeschteren kann, huet d’Vidosava Kuzmic nogefrot.

Bicherwoch am Biodiversum zu Remerschen
All Joers an der Fuesvakanz gëtt am Biodiversum zu Remerschen eng Bicherwoch organiséiert.

Am Biodiversum zu Remerschen gëtt een alles gewuer iwwer d’Gebitt ronderëm d’Baggerweieren an d’Déieren, déi do liewen. An am Kader vun der Bicherwoch ginn och déi Kleng un d’Thema Natur- an Aarteschutz lues erubruecht. Si dofir ze begeeschteren, wier an Zäite vu Smartphone & Co. net onbedéngt méi schwéier – et misst ee just wëssen, wéi een déi Themen am beschte behandelt.

Um Programm vun der Bicherwoch stinn eng ganz Rei Liesungen, Aktivitéiten an Atelieren. Hei kënnen d’Kanner zum Beispill mat hirer selwer gemaachter Tënt schreiwen a molen – an dat op Papyrus.

Nach bis de 24. Februar kann ee vun der Bicherwoch profitéieren. Ma besonnesch ee Rendez-Vous gëllt et rout unzesträichen am Kalenner: d’Vollmoundwanderung um Méindeg an Dënschdeg.

Weider Detailer zum Programm ginn et op www.biodiversum.lu.

FOTOGALERIE

Back to Top
CIM LOGO